Michel Witry

lëtzebuergesche Politiker

De Michel Witry, gebuer den 19. Dezember[1] 1797 zu Luerenzweiler, gestuerwen den 1. Mee 1874 zu Iechternach, war en Nottär a Politiker.[1]

Michel Witry
Gebuer 19. Dezember 1797
Luerenzweiler
Gestuerwen 1. Mee 1874
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Nottär
Member vun Assemblée constituante vun 1848

Hie war vun 1827 bis bis zu senger Demissioun den 3. Abrëll 1868 Nottär zu Iechternach.[1]

Vun 1842 bis 1848 war hien Deputéierten an der Chamber, 1848 Member vun der Assemblée constituante, vun 1853 bis 1856 erëm Deputéierten an der Chamber, vun 1860 bis 1868 Member an der Assemblée des États a vun 1868 bis zu sengem Doud am Joer 1874 nach eng Kéier Deputéierten an der Chamber. Dobäi war hie vun 1866 bis 1867 President vun der Assemblée des États a vum 24. bis de 27. Juni 1872, fir eng ausseruerdentlech Sessioun, President vun der Chamber.

De Michel Witry war vum 8. November 1830 (Datum vun der Nominatioun) bis de 25. August 1839 Buergermeeschter vun Iechternach.[2]

Seng Eltere waren den Nicolas Witry an d'Angélique Weis (Weiss).[3] Hien huet sech den 1. September 1830 zu Iechternach mat der Françoise Joséphine Thiry bestuet.[2]

Dem Michel Witry säi Begriefnes war den 3. Mee 1874 zu Iechternach a Presenz vum Staatsminister Emmanuel Servais. D'Grafried huet de President vun der Chamber, de Félix de Blochausen, gehalen.[4]

Gielchen änneren

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Massard 1988, S. 231.— Beim Neyen 1876, S. 473 steet e falsche Gebuertsdatum, an zwar den 9. Dezember 1797.
  2. 2,0 2,1 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. Neyen 1876, S. 473. — Am Gebuertsakt vum Michel Witry gëtt den Numm vu senger Mamm "Veis" geschriwwen; en Tippfeeler huet bei Massard 1988, S, 231, doraus "Neis" gemaach.
  4. Luxemburger Wort 1874, Nr. 104 (5. Mai), S. 1
  5. Arrêté royal grand-ducal du 1er janvier 1842, portant nomination de membres de l'Ordre royal grand-ducal de la Couronne de Chêne publizéiert am Memorial N° 4 vun 1842, S. 26.