Pierre Berchem
lëtzebuergesche Moler
De Pierre Berchem, gebuer de 16. Dezember 1929 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 1. Mee 2019 zu Krautem[1], war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
Pierre Berchem | |
---|---|
Gebuer |
16. Dezember 1929 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
1. Mee 2019 Krautem |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler |
Famill | |
Papp | Léon Berchem |
Hie koum aus enger Kënschtlerfamill, säi Papp de Leo Berchem war Schrëftsteller a Folklorist, säi Grousspapp den Antoine Jans, e bekannte Parzeläinsmoler.
Säi Secondaire hat hien an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg gemaach, wou hie beim Professer Jean-Pierre Calteux Molerei geléiert huet. Duerno goung hien op d'Académie des Beaux Arts vu Léck, wou hie beim Professer Marceau Gillard Skulptur studéiert huet. Hien huet och zu Paräis am Atelier vum André Del Debbio geschafft.
Wierker
änneren- Relief am Stee vum Monument aux morts zu Clausen (1950)
- Relief am Stee vum Monuments aux morts am Neiduerf (1952)
- Pietà am Stee vum Monument aux morts bei der Kierch um Lampertsbierg (1954)
- Relief am Stee vum Monument aux morts zu Gaasperech (1956)
- Relief am Stee vum Monument aux morts zu Bëttel (1959)
- Medaillon vum Laurent Menager
- Medaillon vum Batty Weber op der Batty-Weber-Stèle zu Rëmeleng
- Medaillon vum Nik Welter
Senger Wierker fënnt een am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht zu Lëtzebuerg.
Ausstellungen
ännerenGielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1976)[2]
Literatur
änneren- Berchem, P., Pierre Berchem - sculptures - dessins - peintures. Luxembourg: Saint-Paul, 2009 ISBN 978-2-87996-612-0
Quell
änneren- Anthologie des Arts au Luxembourg, Éditions Borschette, 1992
- Henri Hanlet in Revue 19-05-1973
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 21. Mee 2019
- ↑ Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu