De Rudolf I., gebuer den 1. Mee 1218 a gestuerwen de 15. Juli 1291 zu Speyer, war als Rudolf IV. vun ongeféier 1240 u Grof vun Habsburg a vun 1273 bis 1291 den éischte réimesch-däitsche Kinnek aus der Famill vun den Habsburger.

Rudolf I.
Titelen
Virgänger Alfonso vu Kastilien
Nofollger Adolf vun Nassau
Biographie
Gebuer 1. Mee 1218
Buerg Limburg
Gestuerwen 15. Juli 1291
Speyer
Bestuet mat Gertrud vun Hohenberg,
Isabella vu Burgund
Papp Albrecht IV.
Mamm Hedwig
Kanner Mathilde vun Habsburg, Albrecht I., Katharina vun Habsburg, Agnes vun Habsburg, Klementia vun Habsburg, Rudolf II., Guta vun Habsburg, Hedwig vun Habsburg, Hartmann vun Habsburg, Albrecht vu Löwenstein

Mam Doud vum Friedrich II., am Dezember 1250 koum et zu engem Interregnum ("Zäit tëschent Kinneken"), an där et net vill Kinneksherrschaft am Räich gouf. An där Zäit gouf de Rudolf zu engem vun de mächtegsten Territorialhären am Südweste vum Räich. Hie gouf 1273 zum réimesch-däitsche Kinnek gewielt, sou datt den Interregnum op en Enn koum.

Als Kinnek huet de Rudolf probéiert, déi Territoiren, déi virdrun zum Räich gehéiert haten, ma an der Tëschenzäit verluer gi waren, zeréckzegewannen (ze revendiquéieren). Hien hat Succès mat Schwaben, am Elsass an am Rheinland, ma un den Norde vu Räich koum en net erun. Am Osten huet hie Krich géint de mächtege béimesche Kinnek Ottokar II. féieren, fir datt dee seng Kinneksherrschaft sollt unerkennen. Mat senger Victorie an der Schluecht bei Dürnkrut (1278) huet hien de Grondstee geluecht fir den Habsburger hir Herrschaft an Éisträich an an der Steiermark.

Et war dem Rudolf net gelongen, Keeser ze ginn an zu senge Liefzäiten ee vu senge Jongen als Nofollger am réimesch-däitsche Räiich anzesetzen.

Hie war mat der Gertrud (Anna) vun Hohenberg bestuet; si hate sechs Duechteren (Mathilde, Katharina, Agnes, Hedwig, Clementia a Guta) a véier Jongen, den Albrecht (1255–1308), den Hartmann, de Rudolf II. an de Karl. D'Duechteren, déi et bis an den Erwuessenenalter gepackt hunn, huet de Rudolf mat de véier weltleche Kurfürste bestuet, fir déi als Eedem ze hunn.

Literatur änneren

  • Karl-Friedrich Krieger: Rudolf von Habsburg. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 2003, ISBN 3-534-13711-6 (Rezension).
  • Thomas Zotz: Rudolf von Habsburg. In: Bernd Schneidmüller, Stefan Weinfurter (Hrsg.): Die deutschen Herrscher des Mittelalters. Historische Porträts von Heinrich I. bis Maximilian I. C.H. Beck, München 2003, ISBN 3-406-50958-4, S. 340–359, 587 f.
  • Egon Boshof, Franz-Reiner Erkens (Hrsg.): Rudolf von Habsburg: 1273–1291. Eine Königsherrschaft zwischen Tradition und Wandel (= Passauer historische Forschungen. Band 7). Böhlau, Köln u. a. 1993, ISBN 3-412-04193-9.
  • Bernd Schneidmüller (Hrsg.): König Rudolf I. und der Aufstieg des Hauses Habsburg im Mittelalter. wbg Academic, Darmstadt 2019, ISBN 978-3-534-

Um Spaweck änneren

Commons: Rudolf I. – Biller, Videoen oder Audiodateien