Fritz Mersch

lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten an Distriktskommissär
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Jean-François Mersch. Fir de Sportler mam änlechen Numm, kuckt wgl. François Mersch.


De Jean-François Mersch, besser bekannt als Fritz Mersch, gebuer den 20. Mäerz 1862 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 1. Mee 1937, war e lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten an Distriktskommissär[1],[2].

Fritz Mersch
Gebuer 20. Mäerz 1862
Gestuerwen 1. Mee 1937
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot
Famill
Papp Jean Mersch-Wittenauer

Hie war de Jong vum Jean Mersch-Wittenauer.

1887 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Miersch an d'Chamber gewielt[3].

Den 30. Mee 1895 gouf den Affekot Fritz Mersch (an der franséischer Versioun Frédéric Mersch!) zum Distriktskommissär zu Gréiwemaacher ernannt[4].

Den 18. Mäerz 1930 gouf hien als Distriktskommissär pensionéiert a kritt den Éierentitel vun där Funktioun.

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. Biographie vum Fritz Mersch op eluxemburgensia.lu Säiten 319-324
  2. Déi selwecht Biographie vum Fritz Mersch op der Websäit vum Institut Viti-Vinicole Archivéiert de(n) 10.09.2016. Gekuckt de(n) 01.08.2015.
  3. Noruff op de Fritz Mersch am Tageblatt vum 4. Mee 1937 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 01.08.2015.
  4. Arrêté du 31 mai 1895 portant convocation du collège électoral de Mersch pour l'élection d'un député. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-04-11.
  5. Annonce vum Doud vum Fritz Mersch an der Obermosel-Zeitung vum 4. Mee 1937 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Abrëll 2022