Lalleng
Quartier vun Esch-Uelzecht
Lalleng ass e Quartier vun Esch-Uelzecht, am Nordoste vun der Gemeng.
Verwaltung | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Geographie | |
Koordinaten | 49°30'38"N, 5°59'27"O |
Transport | |
Anescht wéi déi aner Quartiere vun Esch, déi, bis op den alen Duerfkär Al Esch, all eréischt vum spéiden 19. Joerhonnert u mat der urbaner Entwécklung vun Esch entstane sinn, war Lalleng och schonn an der virindustrieller Zäit eng kleng Uertschaft, resp. e gréisseren Haff. Op der Ferrariskaart ass Lalleng do, wou spéider d'Walzwierk vun Arbed-Schëffleng opgeriicht gouf. De Lallengerbierg huet och dozou gehéiert.
Bis un d'Enn vun der Neizäit huet Lalleng zu der Herrschaft Berwart gehéiert, an deemno net zu Esch.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Camille Robert: Le quartier de Lallange. Notes recueillies par les Amis de l'Histoire de La Ville d'Esch-sur-Alzette. gekuckt 2020-11-24.