Bréck op der Cloche d'or

D'Bréck op der Cloche d'or féiert d'Nationalstrooss 4 (N4) iwwer d'Autobunn A6 (Areler Autobunn).

Bréck op der Cloche d'or
D'Bréck op der Cloche d'or a Richtung Kockelscheier gekuckt
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg (Gaasperech)
Koordinaten 49° 34’ 41.7’’ N
      06° 06’ 43.9’’ E
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Autobunn A6
Technesch Detailer
Bréckentyp Bowstring
Totallängt 50 m
Breet 18,30 m
Bemierkungen
Opgaangen 2004

D'Bréck ass eng Bowstring-Bréck. Si ass 50 m laang, 18,30 m breet an huet e Gewiicht vu 1600 Tonnen[1].

Si ersetzt eng Bréck déi donieft bestanen huet, an déi huet missen ofgerappt ginn, well hir Spanwäit net grouss genuch war fir den Ausbau vun der Areler Autobunn vun 2 op 3 Spueren op béide Säiten z'erméiglechen[1].

D'Viraarbechten haten am Hierscht 2002 ugefaangen. Am Oktober 2003 gouf déi fäerdeg Bréck op d'Plaz bruecht an dunn iwwer d'Autobunn gezunn[1].

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort vum 8. Mäerz 2013: Chronik vor neun Jahren. Neue Brücke auf Cloche d'Or für den Verkehr frei.