Luxair

lëtzebuergesch Fluchgesellschaft
(Virugeleet vu(n) Luxembourg Airlines Company)

D'Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne, ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft. Hir Heemechtsbasis ass de Fluchhafe Lëtzebuerg. 1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company gegrënnt, an 1948 ass hiren éischte Fliger op Paräis geflunn. D'Gesellschaft ass 1961 a Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne ëmgenannt ginn an 1962 huet d'Gesellschaft mat Fluch-Operatiounen ugefaangen. Vun Ufank un haten d'Fligeren eng turquoise Faarf.

LUXAIR
Grënnung: 1948
IATA-Code: LG
ICAO-Code LGL
Ruffzeechen: Luxair
Sëtz: Lëtzebuerg
Status: Société Anonyme
Flott: 21 (12 Bestallt)
Eng Boeing 737 an de Luxair Faarwen
Luxair Embraer ERJ-145 genannt Eurojet
Luxair Boeing 737-700
D'Fokker F-27 Friendship, der Luxair hiren éischte Fliger (1966).
Luxair Boeing 707-344

D'Haaptaktionäre (2021) vun der Luxair sinn de Lëtzebuerger Staat an d'Spuerkeess.

2018 huet d'Luxair 2.132.426 an am Joer 2019 2.148.098 Passagéier transportéiert. Déi duerchschnëttlech Auslaaschtungsquot vun alle Flich louch bei 71,6%. D'Flott war an deem Zäitraum am Ganzen 51.052 Stonne geflunn. Fir d'Luxair-Grupp hunn dat Joer ronn 2.800 Leit geschafft. D'Gesellschaft konnt sou um Enn vum Joresbilan e positiivt Netto-Resultat mat engem Total vu 9,458 Mio. Euro verbuchen.

Generaldirekter vun der Gesellschaft ass zanter dem 12. Mee 2020 de Gilles Feith, deen déi Plaz vum Adrien Ney iwwerholl hat, wéi deen no 15 Joer un der Spëtzt vun der Luxair am Juni 2020 an d'Pensioun gaangen ass[1].

Geschicht änneren

Um Enn vun den 1950er Jore gouf Lëtzebuerg, ee vun de Grënnungsstaate vun der Europäescher Gemeinschaft, zum (virleefege) Sëtz vu verschiddene wichtegen europäeschen Institutiounen ausgewielt. Déi Ëmstänn hunn eng ëmmer méi grouss Nofro no effikasse Loftverbindungen tëscht Lëtzebuerg an aneren europäeschen Haaptstied mat sech bruecht.

Den 9. Januar 1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company gegrënnt, an den 2. Februar 1948 ass hiren éischte Fliger, eng Douglas DC 3, op de Fluchhafe Le Bourget zu Paräis geflunn. D'Gesellschaft ass den 21. Oktober 1961 a Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne ëmgenannt ginn. Am Mäerz 1962 huet d'Gesellschaft mat Fluch-Operatiounen ugefaangen. Déi éischt Linn war Lëtzebuerg - Paräis a gouf mat enger Fokker F-27 Friendship geflunn[2].

1962 huet d'Luxair en éischten Accord mat der südafrikanescher Trek Airways ofgeschloss, wat spéider zu der Luxavia Joint Venture gefouert huet.

1967 hunn der Gesellschaft schonn 3 Fokker F-27 Friendship an eng Vickers Viscount gehéiert. Mat der Zäit goufen déi Fligeren duerch Typpe vu Boeing an Embraer ersat.

1970 ass d'Luxair eng vun de Gesellschaften, déi d'Cargolux grënnen.

1975 koum der Luxair hir Bordzäitschrëft Flydoscope fir d'éischt Kéier eraus[3].

Den 2. Dezember 1977 ass fir d'Luxair mam Kaf vun hirer éischter Boeing 737-200 eng nei Ära ugaangen. De Fliger krut d'Immatrikulatioun LX-LGH a gouf den 18. Dezember, vum deemolege Prënz Henri um Findel op den Numm "Prince Henri" gedeeft. De selwechten Nomëtte gouf d'Maschinn festlech mat Livesendung op RTL Télé Lëtzebuerg an de Linnendéngscht opgeholl an ass op Malaga geflunn.

Am Fréijoer 1999 gouf mat Newark am New Jersey, eng nei Transatlantikstreck mat 4 Flich pro Woch an d'Streckennetz vun der nationaler Fluchgesellschaft opgeholl. Déi Decisioun koum zustan, nodeems d'Icelandair hire Réckzuch vum Findel ugekënnegt hat. No 31 Woche war de Leasingskontrakt ofgelaf, an d'Fluchstreck tëscht Lëtzebuerg an New York ass mat engem Netto-Verloscht vu ronn 10,5 Mio Euro definitiv zougemaach ginn.

Zanter 2009 ass d'Luxair Partner bei der Lufthansa hirem Miles & More-Programm.

Wéinst neien héije Verloschter war d'Luxair gezwongen, d'Zuel vun hire Fligeren an Destinatiounen 2011 ze reduzéieren[4]. Déi zwou Embraer ERJ 135s goufen ausgemustert an d'Verbindunge mat Prag an Dublin goufen annuléiert[5].

Den 21. Oktober 2015 huet Luxair mat senger Fluchverbindung op Frankfurt opgehalen. De leschte Fliger, d'Embraer ERJ-145 LX-LGZ ass um 22:00 um Findel gelant. D'Fluchverbindung mat Frankfurt huet zanter dem 2. Abrëll 1962 bestanen[6].

Am Joer 2019 huet d'Luxair 2.148.098 Passagéier op hire Linnen- a Vakanzeflich transportéiert[7].

Den 30. Juni 2021 sinn d'Aktionäre vun der Luxair Group de Lëtzebuerger Staat (39,05%), d'Spuerkeess - Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat SA (21,81 %), Banque Internationale à Luxembourg SA (13, 14 %) , Delfin (13,00 %), Luxair (10,00 %), Luxair Finance (2,86 %) an Anerer (0,14 %). D'Luxair huet eng 35,10 % Aktien an der Cargo Fluchgesellschaft Cargolux[8].

D'Flott vun der Luxair änneren

Faarf änneren

Am Ufank haten d'Fligeren eng turquoise Faarf. Deen éischte Bombardier Q400 vun der Luxair, deen den 31. Mee 2007 fir d'éischt um Fluchhafe Lëtzebuerg gelant ass, ass an de rout-wäiss-bloe Faarwen.

2021 huet de Sumo, e Graffiti-Artist, den Design fir zwéi Fligere vun der Luxair[9] gemaach.

Registréiert Fligeren (Stand: Mäerz 2024). änneren

Registréiert Fligeren am Mäerz 2024
Immatrikulatioun Fliger Modell Plazen Immatrikulatioun Fliger Modell Plazen
LX-LGE Bombardier Q400 DHC-8-Q402 76 LX-LBA Boeing 737-800 B737-8C9 WIN 186
LX-LGF Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LBB Boeing 737-800 B737-86J WIN 186
LX-LGG Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LBK Boeing 737 MAX 8 B737-8 186
LX-LGM Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LBL Boeing 737 MAX 8 B737-8 186
LX-LGN Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LBR Boeing 737-700 B737-7K2 WIN 141
LX-LQA Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LBT Boeing 737-700 B737-7K2 WIN 141
LX-LQB Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LGQ Boeing 737-700 B737-7C9 WIN 141
LX-LQC Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LGS Boeing 737-700 B737-7C9 WIN 141
LX-LQD Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LGU Boeing 737-800 B737-8C9 WIN 186
LX-LQI Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76 LX-LGV Boeing 737-800 B737-8C9 WIN 186
LX-LQJ Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 76

Iwwerbléck (Stand: Oktober 2023). änneren

Fliger Typ Zuel Bestallt Optiounen Plazen Vitess Ø Autonomie
(km)
Motoren Bemierkungen
Bombardier Q400 *NextGen
 
11 - - 76 667 km/h 1750 Pratt & Whitney Canada PW-150A Turboprop LX-LQA gouf speziell vum Graffiti-Kënschtler Sumo ugestrach.

LX-LQJ gouf speziell "Think Pink" am Kader vun der Broschtkriibs Sensibilisatioun vun der Kënschtlerin Lisa Junius ugestrach.

Embraer E195-E2 (ERJ 190-400)   0 4[10] 5 132 873 km/h 4917 Pratt & Whitney PW1900G
Boeing 737-700 Winglets
 
4 - - 141 853 km/h 4600 CFM-International 56-7B
Boeing 737-800 *Split Scimitar Winglets
 
4 - - 186  853 km/h 4050 / 4190 CFM-International 56–7B LX-LGU gouf speziell vum Graffiti-Kënschtler Sumo ugestrach.

LX-LGV mat engem spezielle Ustrach am Kader vum 60. Anniversaire vun der Luxair.

LX-LBA mat enger Lackéierung an de Faarwe vun der europäescher Kulturhaaptstad "ESCH 2022".

Boeing 737 MAX 7
 
0 4 - 160  853 km/h 7130 CFM-International LEAP-1B
Boeing 737 MAX 8
 
2 4 - 186  853 km/h 5740 CFM-International LEAP-1B 2 sinn fir "Air Italy" geflunn a wäerte bis Enn 2027 geleast ginn.
2 nei bestallt bei Boeing a wäerte vun 2026 un ausgeliwwert ginn.
2 Optioune sinn den 28. Abrëll 2023 confirméiert ginn a wäerte bis Enn 2027 ausgeliewwert sinn.
Total: 21 12 5 - - - - * = d'Informatioun gëllt net fir all Fliger vun engem Typ

Fréier Fligeren änneren

Fréier huet Luxair ënner anerem follgend Fligeraarte benotzt:[11]

  • Airbus A300B4-200 vum 19.12.1984 bis 20.12.1987 (gouf der South African Airways verkaaft wou en als ZS-SDI immatrikuléiert gouf).
  • Boeing 707-344B/C
  • Boeing 737-200/400/500
  • Boeing 747 SP-44
  • Boeing 767-300ER
  • Curtiss C-46 Commando
  • Douglas DC-4
  • Embraer EMB 120
  • Embraer ERJ 135/145
  • Embraer 120RT Brasilia
  • Fokker F-27 Friendship
  • Fokker 50
  • Fairchild Swearingen Metro
  • Lockheed L-1649A Starliner
  • Vickers Viscount
  • Sud Aviation Caravelle
  • Der Luxair hiren éischten Transatlantikfluchbetrib (1999) an Eegeregie, ass mat enger geleaster Boeing 767-300ER (OO-CTR) vun der belscher Chartergesellschaft CityBird bedriwwe ginn.
  • Den 12. Mäerz 2005 huet d'Luxair hir lescht Fokker 50 un d'Amapola Flyg (APF/Stockholm Arlanda) verkaaft. Déi Gesellschaft hat schonn zwou Fokker 50 vun der Luxair kritt.
  • Den zweete B737-500 (LX-LGN) deen d'Luxair zu Lëtzebuerg immatrikuléiert hat, ass am Abrëll 2005 un déi tschechesch CSA Czech Airlines op Prag verkaaft ginn. D'CSA huet en dunn am Juni 2008 un déi russesch Aeroflot-Nord, déi neierdéngs Nordavia heescht an hire Sëtz zu Archangelsk huet, weiderverkaaft. Bei der CSA war hien den OK-WGD, a Russland flitt hie mat der Nummer VP-BKP[12],[13].
  • Den drëtte B737-500 (LX-LGO) Château de Clervaux, huet d'Luxair am Dezember 2006 un déi jordanesch Charterfluchgesellschaft Jordan Aviation verkaaft, déi en dann awer schonn am Mäerz 2007 un d'Alexandria Airlines op Alexandria an Egypte weidergereecht huet. Sou ass seng Immatrikulatioun fir d'éischt JY-JA1 an duerno SU-KHM ginn[14].
  • De véierte B737-500 (LX-LGP) Château de Bourglinster gouf den 23. August 2010 op MST (Maastricht) geflunn, wou hien d'Lackéierung vu sengem neie Besëtzer, der Georgian International Airlines aus Georgien, krut an als 4L-AJA nei immatrikuléiert ginn ass[15].
  • Déi siwent an aacht ERJ-145 mat den Immatrikulatiounen LX-LGV[16] an LX-LGU[17] goufen am Mäerz/Oktober 2007 ofgestouss a fléien elo bei Champion Air fir d'US Motorsportecurie Dale Earnhardt ënner der Nummer N138DE[16] respektiv N500DE[17].
  • Déi zweet vun am Ganzen dräi Boeing 737-700 LX-LGR gouf 2014 am Alter vun 10 Joer verkaaft.
  • Zwéin ERJ-145 mat den Immatrikulatiounen LX-LGJ an LX-LGY goufen der Solenta Aviation verkaaft ënner der Nummer ZS-BBC respektiv ZS-BBD.

Accidenter änneren

  • Den 22. Dezember 1969 ass de Vol vu Frankfurt am Main bei der Landung um Findel vun der glëtscheger Pist ofkomm a schliisslech an enger Schnéiwick mat gebrachenem viischten Train un d'Hale komm. Glécklecherweis sinn d'Passagéier an d'Crew mam Schreck dovukomm, mä de Fliger, eng Vickers Viscount, LX-LGC, hat nëmmen nach Schrottwäert[18].
  •  
    De Fokker 50 LX-LGB am Joer 1992 um Findel; de Fliger ass de 6. November 2002 erofgefall
    De 6. November 2002 um 10:05 koum et zu engem schlëmmen Accident. Eng Fokker 50, LX-LGB, déi vu Bern Berlin-Tempelhof koum, ass an engem décke Niwwel an engem Feld bei Nidderaanwen erofgefall wéi se kuerz virum Fluchhafe Lëtzebuerg ukomm ass. Bei deem Ongléck sinn 20 Mënschen ëmkomm, dorënner de Lëtzebuerger Moler Michel Majerus: nëmmen e franséische Passagéier an de Fluchkapitän hunn den Accident mat schwéiere Blessuren iwwerlieft[19].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 9642 .

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 8852 .

  •  
    Nom Crash vum Fluch 9642
    Den 30. September 2015 ass eng Bombardier Dash 8 Q400 mat der Kennung LX-LGH vum Fluch LG9562 beim Start vum Fluchhafe Saarbrécken verongléckt. D'Maschinn koum vun Hamburg a sollt no der plangméisseger Tëschelandung op Lëtzebuerg weiderfléien. Wärend dem Start koum et duerch e Feeler vun der Kopilotin[20] zu engem Ofbroch vun der Startprozedur an de Fliger ass kuerz drop op der Startbunn opgeschloen a virugerëtscht bis e stoe bliwwen ass. Kee vun de 16 Passagéier an de 4 Membere vun der Crew gouf blesséiert, awer de Fliger war staark beschiedegt[21],[22].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Luxair – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gilles Feith am Verwaltungsrot als neie Generaldirekter genannt ginn rtl.lu 12.05.2020 17:11
  2. Ronne Gebuertsdag: Viru 60 Joer hat d'Luxair hiren éischte Fluch. www.rtl.lu (04.04.2022). Gekuckt de(n) 07.04.2022.
  3. Trente ans de vie à bord, in Flydoscope Nr 1 2005, Säit 6-7
  4. wort.lu | Artikel | Fluggeschäft weiter mit Verlust. web.archive.org (2011-07-05) Gearchiveerd op 2011-07-05. Gekuckt de(n) 2023-01-12.
  5. wort.lu | Artikel | Luxair: Fluggeschäft bereitet Sorgen. web.archive.org (2011-07-10) Gearchiveerd op 2011-07-10. Gekuckt de(n) 2023-01-12.
  6. Ende einer Luxair-Strecke: Letzter Aufruf nach Frankfurt op wort.lu vum 21. Oktober 2015
  7. "Ticker." d'Lëtzebuerger Land Nr.6, 8. Februar 2019, S.7.
  8. About us | Luxair. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 2023-01-12.
  9. Flying is an art Zusammenarbeit SUMO! x Luxair
  10. https://www.aerotelegraph.com/embraer-sticht-airbus-bei-luxair-aus
  11. Airfleets aviation. www.airfleets.net. Gekuckt de(n) 2023-01-13.
  12. planesregister.com (en) Gearchiveerd op 2012-01-14. Gekuckt de(n) 2010-10-07.
  13. planespotters.net (en) Gearchiveerd op 2011-02-04. Gekuckt de(n) 2010-10-07.
  14. planesregister.com (en) Gearchiveerd op 2012-01-14. Gekuckt de(n) 2010-10-07.
  15. planespotters.net (en) Gearchiveerd op 2011-05-24. Gekuckt de(n) 2010-10-06.
  16. 16,0 16,1 airliners.net (en)
  17. 17,0 17,1 airliners.net (en)
  18. Aviation Safety Network (en)
  19. Portail TRANSPORTS - Luxembourg. transports.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-01-13.
  20. Co-Pilotin der Luxair für Bauchlandung verantwortlich op wort.lu vum 17. November 2015
  21. Abbruch in einer kritischen Phase op wort.lu vum 30. September 2015]
  22. http://www.aerotelegraph.com/offene-fragen-bauchlandung-luxair-flughafen-saarbruecken