Düsefligere si Fligeren, déi mat Straldreifwierker duerch de Réckstoussundriff fléien.

Eng Heinkel He 178 als éischten Düsefliger
Me 262 mat baussenzege Straldreifwierker um Flillek

Düsefliger, Düsenjet an Jet sinn déi geleefeg Bezeechnungen dofir. Düsenjet ass en Pleonasmus, well de Wuertdeel Jet steet fir d'Straldreifwierk oder d'Düs, soudatt d'Undriffsaart zweemol uneneegereit gëtt.

Geschicht änneren

Ufäng änneren

Den éischte Fliger mat enger Mëschung aus Stral- a Kolwendreifwierk, Coanda-1910, gouf 1910 vum rumäneschen Ingenieur Henri Marie Coandă gebaut. E gouf op der zweeter internationaler Loftfaartausstellung zu Paräis am Oktober 1910 virgestallt, war awer am Dezember 1910 accidentéiert. D'Konzept gouf dorophin ufanks net méi wieder gefouert.

Déi éischt Düsefligere goufe vun 1936 un, no Iddie vum Hans von Ohain fir d'Arméi entwéckelt. Si si fir d'éischt an Däitschland geflunn, d'Heinkel He 178 de 27. August 1939 zu Rostock-Marienehe, souwéi d'Campini-Caproni C.C.2 an Italien den 28. August 1940 an a Groussbritannien de 15. Mee 1941 d'Gloster E.28/39. Dat waren alleguer nach Ënnerschallfligeren. Den éischten Düsejeeër vun der Welt, dee militäresch agesat gouf, war déi an Däitschland entwéckelt Messerschmitt Me 262. Den éischte Passagéierfluch vun der Welt, am Fréijoer 1945, mat engem Düsefliger (vu Berlin op Essen), deen den Albertt Speerm sou wollt, gouf wéinst der héijer Gefor vu feindleche Fligerattacken net gemaach.[1]

Nokrichszäit änneren

No 1945 goufen Düsefligeren och fir d'zivil Loftfaart konstruéiert. Als éischt Fluchgesellschaft hat d'BOAC d'Comet agesat, déi de 27. Juli 1949 hiren éischte Fluch hat. No enger Accidenterserie huet de Modell missen iwwerschafft ginn a Fligere wéi d'Tupolew Tu-104 a Boeing 707 ware Meeschter um Maart. Den éischten zivilen däitschen Düsefliger war déi 1958–1961 zu Dresden entwéckelt 152, déi awer wéinst wirtschaftlechen, politeschen an technesche Problemer ni iwwer de Prototypestatus erauskoum.

De 26. Abrëll 1948 war den éischten Iwwerschallfluch mat engem düsegedriwwene Juegdfliger, der F-86 Sabre, gelongen. Den éischten Iwwerschallfluch iwwerhaapt war den 12. Oktober 1947, allerdéngs mat engem Rakéitefliger, der Bell X-1. Vun do u ginn d'Juegdfligeren an der Reegel als düsegedriwwen Iwwerschallfligere konzipéiert.

Weider Entwécklung änneren

Méi jonk Entwécklunge si beispillsweis d'Boeing 747, déi ënner dem Numm Jumbojet 1970 den Zäitalter vun de Groussraumfligeren ageleet hunn, wéi déi dräistraleg (jee en Dreifwierk un all Flillek an eent am oder ënner dem Säiteleetwierk) Groussraumfliger vun den Typpe McDonnell Douglas DC-10 a Lockheed L-1011 TriStar oder dem zweestäckegen Airbus A380. Déi franséisch-brittesch Concorde an déi sowjetesch Tupolew Tu-144, déi schonn den 31. Dezember 1968 an domat zwéi Méint virun der Concorde hiren éischte Fluch absolvéiert hat, waren déi eenzeg zivil Iwwerschallfligeren.

Besonnesch grouss Stéckzuelen erreeche Modeller fir de Kuerz- a Mëttelstreckeverkéier, wéi historesch déi franséisch Caravelle, d'Boeing 727 oder d'Douglas DC-9 (inklusiv hirer Weiderentwécklung McDonnell Douglas MD-80), oder haut Boeing 737 an den Airbus A320.

Am Passagéierverkéier op kuerz Distanzen hunn Düsefligere d'Propellerfligeren net vollstänneg verdrängt. Do gi Passagéierfligere mat moderne Turboprop-Undriwwer (z. B. d'ATR-Serie) weider agesat an och gebaut.

Och am Geschäftsreesverkéier sinn déi kleng „Jetten“ zanter Joerzéngte vertrueden, beispillsweis mam Learjet. Do sti Varianten a praktesch alle Gréissten zur Dispositioun, souguer interkontinental Flich kënne geflu ginn (Gulfstream G500, Bombardier Global Express, Falcon 7X).

Referenzen änneren

  1. Albert Speer, Spandauer Tagebücher, 22. Oktober 1952