Luxavia

fréier lëtzebuergesch Gesellschaft am Beräich vum Toursimus an der Loftfaart
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergeschen Tour Operator Luxavia. Fir d'Fluchgesellschaft mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Luxaviation.

Luxavia war eng lëtzebuergesch Aktiegesellschaft déi vum 12. Mäerz 1971 bis den 11. Mäerz 2001 bestoung[1]. Hire Geschäftsberäich war ë. a. d'Exploitatioun vu Reesbüroen, d'Organisatioun vu Reesen an Ausflich grad ewéi d'Lounen an d'Verlounen, de Kaf an de Verkaf vu Fligeren, asw.[2]

Luxavia
D'Boeing 747SP-44 (ZS-SPB) vun Trek Airways a mat der Opschrëft Luxavia-Star zu Johannesburg (1993)
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 12. Mäerz 1971
Schlussdatum 11. Mäerz 2001
Sëtz Fluchhafe Lëtzebuerg
  ()
  ()
Branche Aviatioun, Tourismus
RCS B9513

Geschicht

änneren

1954 ass den éischte Fliger vun der privater südafrikanescher Fluchgesellschaft Trek Airways um Wee fir op Johannesbuerg um Findel gelant an an de Joren duerno hu sech d'Verbindungen tëscht Südafrika a Lëtzebuerg weiderentwéckelt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Trek Airways.

 
D'Luxair-Boeing 707 LX-LGS zu Amsterdam (1985)

Wéinst der autoritärer Apartheidspolitik a Südafrika gouf et e Boykott a vun 1963 u konnte keng südafrikanesch Fligere méi iwwer den afrikanesche Kontinent fléien. Duerch en Accord tëscht der Trek an der Luxair am Joer 1964, kruten der südafrikanescher Gesellschaft hir Fligeren d'Luxair-Faarwen a goufe mat enger LX-Immatrikulatioun registréiert. Well d'Sanktioune géint Südafrika bis 1971 nach verstäerkt goufen, huet d'Luxair den 12. Mäerz 1971 zesumme mat Trek Airways eng nei Gesellschaft fir eng Dauer vun 30 Joer gegrënnt: d'Luxavia[3].

D'Luxavia huet als Tour Operator – a mam Accord vun der Luxair – d'Flich fir op Johannesbuerg duerchgefouert. Am Asaz waren uganks dräi Lockheed L-1649 Starliner (LX-LGX, -LGY an -LGZ vun Trek Airways) déi méi spéit mat sechs Boeing 707 ersat goufen. Se koume vun der South African Airways oder der Aer Lingus a kruten den Numm, de Logo an den Ustrach vun der Luxair an d'Immatrikulatiounen LX-LGR, -LGS, -LGT, -LGU, -LGV an -LGW.

1976, nodeems Trek mat hiren Aktivitéiten opgehalen hat, gouf alles vu Luxavia iwwerholl. Dräimol an der Woch (dënschdes, donneschdes a samschdes) ass de Vol LG-181 owes zu Lëtzebuerg fortgaange fir den Dag duerno, mueres a Südafrika unzekommen. D'Réckflich (LG-182, -184) ware méindes, mëttwochs a freides owes a sinn en Dag méi spéit am Laf vum Mueren um Findel gelant. Am Prinzip stoungen d'Fligeren de ganzen Dag um Findel, sinn awer och heiansdo fir e reguläre Luxair- oder e Spezialfluch benotzt ginn.

Luxavia Horaire (08/1976 - 04/1977)[4]
Aller Depart / Arrivée Retour
LG181 Boeing 707 Freideg

LG182

Aner Deeg

LG184

18:00 Lëtzebuerg 10:30A 06:30A
Plaz vum Tëschestopp ka variéieren
09:35A Johannesbuerg 23:00 19:00

A Den Dag duerno

 
D'Luxavia / Luxair Boeing 747SP-44 (LX-LGX) ëm 1993 zu Johannesbuerg

Am Oktober 1980 huet Luxavia geplangt fir op der Streck Lëtzebuerg - Südafrika mat enger Boeing 747SP-44 ze fléien. Et goufe just e puer Flich duerchgefouert, allerdéngs mat enger Boeing 747SP (ZS-SPA). Aus diverse Grënn hunn d'Pläng missten opgi ginn, ier se méi spéit, 1987 nees aktuell goufen. Am Dezember 1984 sinn d'Boeing Maschinne mat engem Airbus A300B4 (LX-LGP) ersat ginn De Fliger dee vu Singapore Airlines iwwerholl gouf, hat 257 Plazen an ass vu Lëtzebuerg iwwer Kairo an Nairobi (Tankstopp) op Johannesbuerg geflunn. Et war bis haut den eenzege Fliger vun deem Typ dee regulär fir d'Luxair / Luxavia geflunn ass.

Den Airbus ass am September 1987 mat enger Boeing 747SP-44 ersat ginn, déi virdrun als ZS-SPB fir d'South African Airways geflunn ass.

Nodeem ufanks der 1990er Joren déi wäiss Autoritéit a Südafrika lues a lues zesummegebrach ass, konnten d'Flich nees vun Trek Airways selwer gemaach ginn. D'LX-LGX Boeing gouf 1993 dunn ënner südafrikaneschem Fändel als ZS-SPB registréiert, krut de bloen Trek-Ustrach an de Schrëftzuch „Luxavia-Star“.

Absënns wéinst der ëmmer méi grousser Konkurrenz op de Linnen tëscht Südafrika an Europa, huet Trek Airways 1994 fir zerguttst zougemaach. D'Firma gouf awer eréischt den 11. Mäerz 2001 opgeléist, deemno no 30 Joer, sou wéi et an de Statute virgesi war[3].

Net just aus haiteger Siicht war d'Franchise-Zesummenaarbecht tëscht de Fluchgesellschafte wärend der Apartheid eng ëmstridde Léisung wat d'Verbindungen tëscht Lëtzebuerg a Südafrika ugeet.

„Luxavia hat eng direkt Fluchverbindung vu Lëtzebuerg a Südafrika, wat am europäesche Kontext eenzegaarteg war. (…) Wéi d'Lëtzebuerger Regierung offiziell gefrot gouf, war si dogéint, mä si huet och argumentéiert, datt d'Sanktiounen dëst net explizitt verbidde géifen. Dëst weist datt si sech offiziell op d'Säit vun hiren europäeschen Alliéierte gestallt huet, awer och probéiert huet Lacunnen ze fannen.“[5]

Yves Schmitz: „Luxemburg war nie eine Kolonialmacht“: eine kritische Einführung. Esch/Alzette: Richtung22, 2024. Print.

Literatur

änneren
  • Braun, Serge. Flughafen | Aéroport | Airport Findel – Passagierfluggesellschaften und ihre Flugzeuge: 1937-2017 | Compagnies aériennes et leurs avions: 1937-2017 | Passenger airlines and their planes: 1937-2017. Luxembourg, 2017. Print. (de)(fr)(en) ISBN 978-99959-934-3-6

Um Spaweck

änneren
Commons: Luxavia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. ënnert B9513 am Handelsregëster agedroen
  2. Artikel 3 vun de Statuten, gekuckt am Handelsregëster
  3. 3,0 3,1 Artikel 4 vun de Statuten
  4. Luxavia Timetables. www.timetableimages.com. Gekuckt de(n) 02.09.2024.
  5. Extrait iwwersat aus: Gabrielle Antar, Apartheid: Luxemburger Bank half, Waffensanktionen zu umgehen, iwwersat, Wort.lu 29.08.2024