International Air Transport Association

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'International Air Transport Association, kuerz IATA genannt, ass eng international Fluchgesellschaftsorganisatioun, déi hiren Haaptsëtz zu Montréal am Québec huet.

Iwwer dës Organisatioun kënne Fluchgesellschaften, egal ob Passagéier- oder Fracht, zu favorabele Konditioune mateneen handelen. Allerdéngs krut d'IATA dowéinst och schonn dacks de Virworf gemaach, sech wéi e Kartell ze verhalen, wat zu Ongonschte vun de méi klenge Betriber ass.

IATA-Coden

änneren

D'IATA huet weltwäit Coden un d'Fluchhäfen a Fluchgesellschafte verdeelt. Fir d'Fluchgesellschaften ass et en 2-Buschtawe-Code, deen, zesumme mat enger Nummer d'Nummer vum Vol bild. D'Fluchhafecode bestinn aus 3 Buschtawen.

Um Spaweck

änneren