Margaretha vu Lëtzebuerg
D'Margaretha Antonia Marie Félicité vu Lëtzebuerg, bestuet Prinzessin Margaretha vu Liechtenstein, gebuer de 15. Mee 1957 op Schlass Betzder, ass d'Duechter vum Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg an der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, an d'Zwillingssëschter vum Prënz Jean.
Margaretha vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
15. Mee 1957 Schlass Betzder |
Bestuet mat | Nikolaus vu Liechtenstein |
Papp | Jean vu Lëtzebuerg |
Mamm | Joséphine-Charlotte vun der Belsch |
Geschwëster | Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg |
D'Margaretha huet zu Lëtzebuerg, zum Deel an der Europäescher Schoul, hir Schoul gemaach, an deelweis och an der Belsch, Groussbritannien an de Vereenegte Staate studéiert.[onkloer]
Den 20. Mäerz 1982, huet si de Prënz Nikolaus vu Liechtenstein an der Stater Kathedral bestuet. D'Koppel krut 4 Kanner:
- Prënz Leopold Emmanuel Jean Marie vu Liechtenstein (gebuer den 20. Mee 1984 zu Bréissel an de selwechten Dag gestuerwen)
- Prinzessin Maria-Anunciata Astrid Joséphine Veronica vu Liechtenstein (gebuer den 12. Mee 1985 zu Uccle - Ukkel)
- Prinzessin Marie-Astrid Nora Margarita Veronica vu Liechtenstein (gebuer de 26. Juni 1987 zu Uccle - Ukkel)
- Prënz Josef-Emanuel Leopold Marie vu Liechtenstein (gebuer de 7. Mee 1989 zu Uccle - Ukkel)