New Jersey
Flag of New Jersey.svg Seal of New Jersey.svg
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: The Garden State
New Jersey in United States.svg
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Trenton
Gréisst Stad: Newark
Gouverneur: Phil Murphy
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 47. Plaz
22.591,38 km²
15,7 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 11. Plaz
9.288.994 (2020)[1]
487,65/km²
Opgeholl als Memberstaat: 18. Dezember 1787 (3ten)
Zäitzon: UTC-5/-4

Den New Jersey ass e Staat am Nordoste vun den USA.

GeographieÄnneren

Den New Jersey grenzt am Norden an am Osten un New York, am Süden an am Südosten un den Atlanteschen Ozean, am Westen u Pennsylvania an am Südwesten un den Delaware. Obwuel den New Jersey de véiertklengsten US-Bundesstaat ass, ass et dee mat der héchster Bevëlkerungsdicht an ass op Rang 11 wat d'absolut Bevëlkerungszuele betrëfft.

BevëlkerungÄnneren

2015 gouf geschat, datt iwwer 8,9 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 72,6 % als wäiss Amerikaner, 19,7 % als Hispanic/Latino, 14,8 % als Afroamerikaner, 9,7 % als asiatesch an 0,6 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi enger Kategorie konnt uginn.[1]

EkonomieÄnneren

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 72.062 US-Dollar pro Stot a 36.359 USD op de Kapp.[1]

BillerÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: New Jersey

Um SpaweckÄnneren

Commons: New Jersey – Biller, Videoen oder Audiodateien