Delfin S.àr.l. ass eng Holding no Lëtzebuerger Recht, déi der Famill Del Vecchio gehéiert. Si gouf 1998 an Italie gegrënnt an ass 2006 op Lëtzebuerg migréiert.

Si ass virun allem an dëse Secteuren aktiv:[1]

  • am Beräich vu Luxusbrëller, via Luxottica Group (Marke Ray-Ban, Prada, Ralph Lauren, etc.). Luxottica gouf 1961 vum Leonardo Del Vecchio gegrënnt an ass op de Boursse vun New York a Mailand cotéiert;
  • am Immobiliëberäich, via d'Gesellschaft Foncière des Régions;
  • am Finanzberäich, duerch Bedeelegungen u Banken an Assurancë-Gesellschaften;
  • am Lofttransportberäich (zënter Dezember 2015), duerch eng 13% Bedeelegung un der Luxair SA.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Neie Partner vu Luxair heescht Delfin S.à r.l.." rtl.lu, Leschten Update: 14.12.2015, 12:10:05.