Den Europafändel besteet aus engem Kranz vun zwielef gëllene fënnefzackege Stären, déi sech net beréieren an déi virun engem bloen (azurfaarwegen) Hannergrond duergestallt sinn.

Den Europafändel
Och Lëtzebuerg hänkt den Europändel aus

Den Europafändel ass 1955 vum Europarot agefouert ginn. 1986 gouf e vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Am Projet vun der Europäescher Verfassung gouf dëse Fändel als offiziellt Symbol vun der Europäescher Unioun festgehalen. Aus der Europäescher Verfassung ass awer näischt ginn, wëll Holland a Frankräich an hiren entspriechende Referenden dogéint gestëmmt hun. Dowéinst huet den Europafändel och net den entspriechende Status kritt, deen an deem Projet virgesi war. Trotzdeem ass et sou datt de Fändel zu Lëtzebuerg, sou wéi an enger Rëtsch anere Länner als offiziellt Symbol benotzt gëtt, an zwar an deem Sënn datt Lëtzebuerg am Traité vu Lissabon déclaréiert huet den Europafändel als e Symbol vun der Zougehöregkeet zur Europäescher Unioun unzegesinn. Dat ass onofhängeg dovun, datt ënner anerem Frankräich a Groussbrittanien déi Declaratioun net ugeholl hunn.

Traditionell ass e Bild mat zwielef Stären d'Symbol vun der Vollkommenheet. Reng zoufälleg huet d'Zuel vun de Stären deemools, d.h. vun 1986 bis zur Erweiderung 1995, der Zuel vun den deemolege Memberstaate vun der Europäescher Unioun entsprach. D'Zuel vun de Stäre gouf zanterhier net méi geännert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Europafändel – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.