Fokker
F50
Technesch Daten
Vitess 500 km/h
Passagéier 46 - 56
Reechwäit 4.000 km
Längt 25,25 m
Héicht 8,60 m
Spannwäit 29 m
Undriff Serie 100 - 2 x 1864kW (2500shp)
Pratt & Whitney Canada PW125B
Turboprop (6 Blieder un all Probeller).
Serie 300 - 2x 2050kW (2750shp) PW127Bs.

D'Fokker 50 ass, och wann en der Fokker F-27 Friendship gläicht, en nei entwéckelte Fliger vum Fligerconstructeur Fokker. Nëmmen e puer Deeler goufe vum Virgänger Modell iwwerholl. Hiren éischte Fluch huet d'Fokker 50 1985 gemaach. Duerno war dëse Modell vu Fliger e komerziellen Erfolleg. Eng gutt Partie europäesch Fluchgesellschafte setzen d'Fokker 50 op Regional-Flich an.

D'Fokker 50 gëtt vun zwee Turbopropeller-Dreifwierker ugedriwwen. E bësse méi wéi 50 Persounen hunn an der Passagéierkabinn Plaz.

Nach haut gëtt d'Fokker 50 bei ville Regional-Airlines agesat. Och déi grouss Fluchgesellschafte wéi Lufthansa an KLM benotzen dëse Fliger haut nach, gréisstendeels iwwer Duechtergesellschaften, déi de Regionalverkéier ofwéckelen. D'Produktioun vun der Fokker 50 gouf 1996 wéinst der Faillite vun de Fokker-Wierker gestoppt. Op d'mannst eng Fokker 50 wäert der Nowelt awer erhale bleiwen: De Prototyp vun der Fokker 50 mam Kennzeeche PH-OSI steet am Aviodrome Musée beim hollännesche Fluchhafen Lelystad.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fokker F50 – Biller, Videoen oder Audiodateien