Sébastien vu Lëtzebuerg

Prënz vu Lëtzebuerg a Prënz vun Nassau a Bourbon-Parma

De Sébastien Henri Marie Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer de 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prënz vu Lëtzebuerg a Prënz vun Nassau a Bourbon-Parma.

Sébastien vu Lëtzebuerg
De Sébastien vu Lëtzebuerg am Oktober 2012.
Titelen
Biographie
Gebuer 16. Abrëll 1992
Lëtzebuerg
Papp Henri vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Teresa Mestre
Geschwëster Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg

Liewen änneren

Hien ass dat fënneft a jéngst Kand vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa.

De Prënz Sébastien ass zanter 2010 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.

Studien änneren

Déi éischt Jore vun der Primärschoul huet en zu Lëtzebuerg op der St. George's International School gemaach an de Rescht a Groussbritannien op der Summer Fields School. Seng Sekundarstudien huet hien a Groussbritannien um Ampleforth College ugefaangen an duerno an der International School of Luxembourg fäerdeg gemaach, wou en 2011 den Ofschlossdiplom kritt huet.

Hien huet duerno Marketing a Kommunikatioun an den USA studéiert an huet zanter 2015 eng Lizenz an deem Domän vun der privater Universitéit Franciscan University of Steubenville (Ohio).

Hien huet tëscht 2016 an 2017 eng Offizéieschausbildung op der renomméierter Royal Military Academy of Sandhurst (RMAS) a Groussbritannien gemaach a gouf am September 2017 als Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi vereedegt.

Hie kommandéiert zanterhier e Peloton vun den Irish Guards, e Regiment vun der brittescher Arméi, an deem säi Grousspapp Groussherzog Jean wärend dem Zweete Weltkrich gedéngt hat.

Patronagen änneren

De Prënz Sébastien mécht de Patronage vun der Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage.

Fräizäit änneren

De Prënz Sébastien interesséiert sech fir Sport a geet klammen, Schifueren, schwammen a spillt virun allem Rugby. Hien ass Member vun der Lëtzebuerger Rugby-Nationalekipp.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sébastien vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. «Les princes fils et frères des chefs des deux lignes de la maison de Nassau sont chevaliers-nés de l'ordre.» an der Broschür Distinctions honorifiques du Grand-Duché de Luxembourg vum Service information et presse, S. 3, gekuckt den 10. Mee 2020