D'Boeing 737 ass de meeschtgebauten ziville Passagéierfliger. E gëtt vum US-amerikanesche Fligerbauer Boeing mëttlerweil an der drëtter Generatioun produzéiert.

Boeing 737-700 vun Air Berlin am Design vu Boeing

Geschicht änneren

Wéi sech an de 60er Joren en neie Maart vu klenge Kuerzstreckefligeren opgedoen huet, huet Boeing mat dem Entwécklungsprogramm vun der 737 den 19. Februar 1965 ugefaangen, allerdéngs nom éischte Fluch vun de Konkurrente BAC 1-11 an Douglas DC-9. Fir de Réckstand opzehuelen huet Boeing vill Technik aus hire Modeller B707 a B727 benotzt.

Déi éischt Boeing 737, eng 737-100, hat hiren éischte Fluch den 9. Abrëll 1967 a gouf ee Joer méi spéit un déi däitsch Fluchgesellschaft Lufthansa ausgeliwwert.

An den 80er Jore gouf d'737 fir d'éischt Kéier nennenswäert geännert. Sou goufe méi effizient Turbinnen agebaut an d'Kabinn an de Cockpit goufe moderniséiert. Déi éischt 737-300 huet 1984 hiren Déngscht opgeholl.

Mam Airbus A320 krut Boeing dunn een neie Konkurrent, deen ee gutt Stéck méi modern an effizient ass. Dëst huet zu der Entwécklung vun der 737-X gefouert, déi spéider "Next Generation" genannt gouf.

Boeing plangt fir fréistens 2015 en Nofollger vun der 737 op de Maart ze bréngen.

Versiounen änneren

 
Boeing 737-800
  • 737-100: Standardversioun
  • 737-200: verlängert Versioun vun der 737-100
  • 737-300: néit Basismodell vun der 737-Famill
  • 737-400: verlängert Versioun vun der 737-300 an Nofollger vun der Boeing 727
  • 737-500: Nofollger vun der 737-200
  • 737-600: Nofollger vun der 737-500
  • 737-700: éischt Versioun vu 737 "Next Generation"
  • 737-800: erfollegräichsten "New Generation"-Modell mat iwwer 3000 Bestellungen an iwwer 1600 Ausliwwerungen
  • 737-900: gréisste Boeing 737 fir bis zu 215 Passagéier an der ER Versioun

Technesch Daten änneren

Kenngréisst 737-100 737-200 737-300 737-400 737-500
Längt: 28,65 m 30,53 m 33,40 m 36,40 m 31,01 m
Spannwäit: 28,35 m 28,88 m
Rumpfduerchmiesser: 3,76 m
Passagéier: 85-99 96-133 123-149 146-162 103-122
Max. Startgewiicht: 49.940 kg 58.100 kg 61.250 kg 62.820 kg 52.400 kg
Reesgeschwindegkeet: 917 km/h 907 km/h
Minimalgeschwindegkeet: 175 km/h
Fluchräichwäit bis zirka: 3.440 km 4.200 km 4.400 km 5.000 km 5.200 km
Éischte Fluch: 9. Abr. 1967 8. Aug. 1967 24. Feb. 1984 19. Feb. 1988 30. Jun. 1989
Andéngschtstellung: 10. Feb. 1968 Lufthansa 28. Apr. 1968 United Airlines 28. Nov. 1984 US Airways 15. Sep. 1988 Piedmont Airlines 28. Feb. 1990 Southwest Airlines
Turbinnen: Zwou Pratt & Whitney JT8D Zwou CFM International CFM56

737 Next Generation (Nei Baurei)

Kenngréisst 737-600 737-700 737-800 737-900 737-900ER (extended range)
Längt: 31,24 m 33,63 m 39,47 m 42,11 m
Spannwäit: 34,30 m
Rumpfduerchmiesser: 3,76 m
Passagéier: 110-132 126-149 162-189 175-189 180-215
Max. Startgewiicht: 65.150 kg 69.400 kg 79.010 kg 79.016 kg 83.627 kg
Reesgeschwindegkeet: 852 km/h
Minimalgeschwindegkeet: 330 km/h
Fluchräichwäit: 4.000 bis 7.200 km 3.980 bis 7.630 km 3.790 bis 6.650 km 3.630 bis 6.660 km 3.500 bis 6.500 km
Éischte Fluch: 22. Jan. 1998 9. Feb. 1997 31. Jul. 1997 3. Aug. 2000 1. Sep. 2006
Andéngschtstellung Aug. 1998 SAS Okt. 1997 Southwest Airlines 24. Abr. 1998 Hapag Lloyd 15. Mee 2001 Alaska Airlines 27. Abr. 2007 Lion Air
Turbinnen: Zwou CFM International CFM56

Um Spaweck änneren

Commons: Boeing 737 – Biller, Videoen oder Audiodateien