Alexandra vu Lëtzebuerg
D'Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer de 16. Februar 1991 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prinzessin vu Lëtzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parma.
Alexandra vu Lëtzebuerg | |
---|---|
![]() D'Prinzessin Alexandra (2008) | |
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
16. Februar 1991 Lëtzebuerg |
Papp | Henri vu Lëtzebuerg |
Mamm | Maria Teresa Mestre |
Geschwëster | Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg |
LiewenÄnneren
Si ass dat véiert Kand an eenzeg Duechter vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa. Si ass d'Giedel vum Prënz Gabriel.
D'Prinzessin Alexandra ass zanter 2009 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.
StudienÄnneren
No der Primärschoul zu Angelsbierg huet si hire Secondaire zu Lëtzebuerg am Lycée Vauban gemaach wou se 2009 den Ofschlossdiplom krut.
Si huet duerno Psychologie a Sozialwëssenschaften an den USA studéiert an duerno e Philosophieofschloss zu Paräis gemaach, mam Schwéierpunkt Eethik an Anthropologie. Si huet duerno hire Studium um Trinity College zu Dublin ofgeschloss.
Zanter 2017 huet Si e Master an interreliéise Studien vun der Irish School of Ecumenics mat enger Spezialisatioun an der Konfliktléisung.
PatronagenÄnneren
D'Prinzessin Alexandra iwwerhëlt e Patronage vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga an der Lëtzebuerger Blannevereenegung.
FräizäitÄnneren
D'Prinzessin Alexandra beschäftegt sech mat Literatur a frieme Kulturen. Si mécht Sport an huet eng Zäit laang gedanzt a geturnt. Hautdesdaags spillt se Tennis, fiert Schi a Waasserschi.
GielercherÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Alexandra vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |