Sumo (Kënschtler)

Stroossekënschtler

De Sumo, gebuer den 9. Dezember 1976 als Christian Pearson zu Rustington, West Sussex, England[1], ass en däitsche Graffiti-Artist, Moler a Galerist deen zu Lëtzebuerg opgewuess ass an och do schafft.

Sumo
Gebuertsnumm Christian Alan Pearson
Gebuer 9. Dezember 1976
Rustington
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Stroossekënschtler, Graffiti-Kënschtler, Moler
Wierk vum Sumo (2022) am Kader vum Stroossekonscht-Projet « LE MUR » vun der Stad Lëtzebuerg

Hien huet zu London Grafikdesign studéiert.

Liewen a Karriär änneren

De Sumo huet a senger Karriär bei villen Ausstellunge matgemaach. Déi éischt war 2003 am Ale Stadhaus zu Déifferdeng wou hien zesumme mat aneren Artisten wéi ë. a. dem Alexone seng Wierker gewisen huet. Aner Ausstellunge waren 2012 de "Goodbye Monopol[2]" zu Déifferdeng oder och "d'Schwaarzt Haus"[3] an der Rue de la Semois an der Stad am Joer 2018.

Op der UrbanArt Biennale an der Völklinger Hütte huet hien 2019 säi bis ewell gréisst Bild ausgestallt.

2012 ass d'Firma Metaform Architects[4] un hien erugetrueden mat der Demande, e Gebai an der Zéissenger Strooss an der Stad nei ze gestalten. A klengster Detailaarbecht ass sou eng Fassad an en Interieur ganz am Sumo sengem Stil entstanen.

Och am Atelier an der Hollerecher Strooss ass seng Konscht op de Maueren ze gesinn.

2021 huet hien an Zesummenaarbecht mam Porsche Zenter Roost um Rouscht e Porsche Taycan handbemoolt. Dat selwecht Joer huet hien den Design vun zwéi Fligere vun der Luxair[5] gemaach.

Him gehéiert zanter 2018 eng Galerie an der Stad Lëtzebuerg.

2022 war hien den éischte Kënschtler deen am Stater Graffiti- a Streetartprojet « LE MUR » matgemaach huet[6].

Referenzen änneren

  1. Christian Pearson | Paperjam Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-25.
  2. Differdingen: Kunstprojekt „Goodbye Monopol“ abgeschlossen. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2012-10-11). Gekuckt de(n) 2022-05-25.
  3. No ART on AIR am REPLAY: Dës Woch bei No Art: Op Besuch am Schwaarzen Haus. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-25.
  4. The Dirty Cream: SUMO x Metaform Architecture. The Dirty Cream (2012-02-15). Gekuckt de(n) 2022-05-25.
  5. Sumo Luxair | Luxair. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-25.
  6. Le Mur | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-26.