Louis vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerger Prënz

De Louis Xavier Marie Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer den 3. August 1986 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prënz vu Lëtzebuerg a Prënz vun Nassau a vu Bourbon-Parma. Hien ass den drëtte Jong vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa.

Louis vu Lëtzebuerg
Titelen
Biographie
Gebuer 3. August 1986
Lëtzebuerg
Bestuet mat Tessy Antony-de Nassau
Papp Henri vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Teresa Mestre
Geschwëster Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
Kanner Gabriel vun Nassau, Noah vun Nassau
De Prënz Louis mat senger Fra, der Tessy Antony, an hirem Bouf Gabriel, 2006 bei hirer Hochzäit

Liewen änneren

Den 29. September 2006 ass de Prënz Louis zu Lëtzebuerg mat der Tessy Antony (* 28. Oktober 1985) bestuet ginn. Déi kierchlech Feier war zu Gilsdref. De Groussherzog Henri huet der Fra vum Prënz Louis um Nationalfeierdag 2009 den Titel Prinzessin vu Lëtzebuerg ginn.

D'Koppel krut zwee Kanner, de Prënz Gabriel (* 12. Mäerz 2006) an de Prënz Noah (* 21. September 2007).

Ufank Februar 2016 huet de Prënz Louis ëffentlech iwwer seng Schwieregkeeten als Dyslexiker geschwat[1]. Den 18. Januar 2017 huet den Haff ugekënnegt datt de Prënz Louis géif vun der Tessy Antony gescheet ginn[2]. De 17. Februar 2017 goufen de Louis an d'Tessy zu London an enger Blëtzscheedung (quickie divorce) gescheet, ouni selwer present gewiescht ze sinn[3].

De Prënz Louis ass zanter 2004 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.

Hien ass de Pätter vun sengem Neveu, dem Prënz Charles vu Lëtzebuerg.

De 6. Abrëll 2021 huet den Haff matgedeelt, datt de Prënz Louis sech mat der Paräisser Affekotin Scarlett-Lauren Sirgue verloobt huet.[4] Am Februar 2022 hunn de Prënz an d'Scarlett-Lauren Sirgue matgedeelt, datt si hir Verlobung opléisen a sech net matenee bestuede wäerten.[5]

Prënz Gabriel änneren

De Prënz Gabriel Michael Louis Ronny de Nassau ass den 12. Mäerz 2006 an der Clinique des Grangettes zu Genf op d'Welt komm. Hien ass dat éischt Enkelkand vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa. Dem Jong säi Pätter ass säi Monni Michel Antony an d'Giedel ass seng Tatta, d'Prinzessin Alexandra.

Prënz Noah änneren

De Prënz Noah Guillaume de Nassau ass den 21. September 2007 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. Hien ass dat zweet Enkelkand vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa. Hie gouf grad wéi säi Brudder Gabriel an der Kierch vu Gilsdref gedeeft. Dem Jong säi Pätter ass säi Monni, den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Giedel ass seng Tatta d'Patty Antony.

Studien änneren

No der Primärschoul zu Luerenzweiler huet de Prënz Louis seng Sekundarstudien zu Lëtzebuerg an der American School of Luxembourg gemaach. Duerno ass hien an de Collège Alpin International Beau Soleil zu Villars-sur-Ollon an der Schwäiz gaangen, wou hien 2005 och säin Ofschlossdiplom krut.

Duerno huet en e Stage vun engem Joer bei der Croix-Rouge zu Genf gemaach.

Nodeem en zwee Joer an den USA war, woubäi en eng Formatioun an Aeronautics and Aeronautical Management gemaach huet, duerno huet hie mat senger Famill an England gewunnt, wou de Prënz an d'Prinzessin op d'Universitéit gaange sinn fir sech weider auszebilden. De Louis huet zu London Kommunikatioun studéiert an 2014 säin Ofschloss gemaach. Hie schafft am Beräich sozial Verantwortung vun Entreprisen[6].

Patronagen änneren

De Prënz Louis mécht de Patronage vun der Fédération luxembourgeoise de tennis de table (zanter 2004), der Fédération des arts martiaux (zanter 2010) an der Fédération aéronautique luxembourgeoise, (2011).

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Louis vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Exklusivinterview mam Prënz Louis iwwer seng Dyslexie op wort.lu
  2. De groussherzoglechen Haff deelt mat, dat de Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy sech wëlle scheede loossen. op RTL.lu
  3. D'Noriicht vun der Scheedung op dailymail Als Grond vun der Scheedung gëtt "unreasonable behaviour" genannt.
  4. Fiançailles de S.A.R. le Prince Louis avec Mademoiselle Scarlett-Lauren Sirgue, gelies de 6. Abrëll 2021
  5. Prënz Louis léist seng Verlobung mam Scarlett-Lauren Sirgue op. Gekuckt de(n) 23. Februar 2022.
  6. Ukënnegung vun der Scheedung op wort.lu an am LW, 19.1.2017, S.63
  7. «Les princes fils et frères des chefs des deux lignes de la maison de Nassau sont chevaliers-nés de l'ordre.» an der Broschür Distinctions honorifiques du Grand-Duché de Luxembourg vum Service information et presse, S. 3, gekuckt den 10. Mee 2020