Margaret Rutherford

brittesche Schauspiller

D'Dame Margaret Rutherford, DBE, gebuer den 11. Mee 1892 zu London a gestuerwen den 22. Mee 1972 zu Chalfont St. Peter, am Buckinghamshire, war eng englesch Schauspillerin.

Margaret Rutherford
am Film "Passport to Pimlico" (1949)
Gebuertsnumm Margaret Taylor Rutherford
Gebuer 11. Mee 1892
London
Gestuerwen 22. Mee 1972
Chalfont St Peter
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Stringer Davis

Si huet hir Karriär relativ spéit, mat 33 Joer, am Theater ugefaangen. Eréischt eng zéng Joer drop hat si hiren Duerchbroch als Theaterschauspillerin, meeschtens a comediantesche Rollen. Do dernieft huet si an den 1930er Joren och ugefaangen a Filmer matzespillen; et sollten an de Joren duerno am Ganzen iwwer 50 Film- an Tëleesproduktioune ginn. International bekannt gouf s'an den 1960er Joren duerch hir Interpretatioun vun der Amateurdetektivin Miss Marple a véier brittesche Filmer, déi op de Romaner vun der Agatha Christie baséiert waren: Murder, She Said (de: 16 Uhr 50 ab Paddington, 1961) Murder at the Gallop (de: Der Wachsblumenstrauß, 1963), Murder Most Foul (de: Vier Frauen und ein Mord, 1964) a Murder Ahoy (de: Mörder ahoi!, 1964), all véier ënner der Regie vum George Pollock.

Fir hir Nieweroll am Film The V.I.P.s (1963) krut si en Oscar an e Golden Globe Award.

Si war zënter 1945 mam Schauspiller Stringer Davis bestuet, mat deem s'och a verschiddene Filmer zesummegespillt huet, dorënner déi véier Miss-Marple-Filmer, an deenen en de Bibliothecaire Jim Stringer gespillt huet; eng Figur, déi net am Buch virkënnt, an déi op hirem Wonsch agebaut gouf.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1936 bis 1939 änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1967 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Margaret Rutherford – Biller, Videoen oder Audiodateien