Politiker

Persoun déi e politescht Amt huet
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Politiker oder eng Politikerin ass eng Persoun, déi eng politesch Funktioun ausüübt. Dat kann op nationalem Niveau sinn (als Member vun enger Regierung oder Deputéierten an engem Parlament), jee nodeem op regionalem (an engem Legislativ- oder Exekutivorgan vun enger Regioun, enger Provënz, engem Kanton, ...) oder op lokalem Niveau (an enger Gemeng), souwéi och parteipolitesch, also bannent enger politescher Partei. Och eng Persoun, déi fir e politescht Mandat kandidéiert, kann als Politiker bezeechent ginn.

Et gëtt en Ënnerscheed tëscht dem Beruffspolitiker, deen déi Funktioun haaptberufflech ausüübt an dovir bezuelt gëtt, an dem Politiker, dee seng Funktioun éirenamtlech mécht, also net dofir bezuelt gëtt.