Lëtzebuerger Schrëftstellerverband

De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (kuerz: LSV) war e lëtzebuergesche Veräin, deen tëscht 1986 an 2016 existéiert huet.[1] E war eng Aart Gewerkschaft fir Schrëftsteller zu Lëtzebuerg, déi déi berufflech, sozial, rechtlech a kulturell Interesse vu senger Membere verdeedegt huet.[2][3]

Geschicht änneren

De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband ass 1986 gegrënnt ginn. Deemools wollte Schrëftsteller wéi de Roger Manderscheid, de Rolf Ketter, d'Rosemarie Kieffer, de Lambert Schlechter, de Josy Braun, de Misch Treinen, de Georges Hausemer an anerer sech zesummendoe fir mat enger gemeinsamer Stëmm ze schwätzen.[2][4] Vun 1987 u war den LSV Deel vum European Writers' Congress.[3]

2013 huet de Jhemp Hoscheit no méi wéi 20 Joer säi Posten als Sekretär vum LSV ofginn. Schonn deemools hat de Verband mat Nowuessmangel ze kämpfen.[5]

Wéi 2014 d'gläichgeschlechtlech Bestietnes zu Lëtzebuerg agefouert ginn ass, hat déi deemoleg Sekretärin vum Verband, d'Marie-Jeanne Reichling, Texter verëffentlecht, déi vun den anere Comitésmemberen als diskriminéierend opgefaasst goufen. Am Juni 2014 ass et wärend enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vum LSV zum Eklat komm, wéi d'Sekretärin sech geweigert huet zeréckzetrieden an doropshin all déi aner véier Comitésmemberen (André Link, Wolfgang Geiselhart, Maryse Krier a Mireille Weiten-de Waha) zeréckgetruede sinn.[6][7] Zu där Zäit hat den LSV nach méi wéi 80 Memberen, och wann op där Generalversammlung der schonn nëmme manner wéi 10 present waren.[7] Am November 2014 konnt op enger anerer ausseruerdentlecher Generalversammlung, bei där nëmme 6 Persoune op der Plaz waren, keen neie Comité gewielt ginn an de Verband och net opgeléist ginn, well net genuch Memberen do waren.

Spéider konnt de Verband awer opgeléist ginn an de 7. Dezember 2016 gouf der Fondation Servais e Schéck mam Reschtverméige vum LSV iwwerreecht.[8]

Memberen änneren

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Journal: Mit 30 schon am Ende? (gekuckt den 9. Oktober 2017
  2. 2,0 2,1 baskulturinfo.blogspot.lu: Georges Hausemer, der Handlungsreisende (4. Februar 2017)
  3. 3,0 3,1 Presentatioun vum LSV op plurio.net (gekuckt den 9. Oktober 2017)
  4. wort.lu: Association luxembourgeoise des écrivains: l'agonie se prolonge (26. November 2014)
  5. wort.lu: Bewährung für den Luxemburger Schriftstellerverband (16. Juli 2013)
  6. http://5minutes.rtl.lu: Les membres du comité du LSV ont démissionné (18. Juni 2014)
  7. 7,0 7,1 wort.lu: Bras de fer au Lëtzebuerger Schrëftsteller-Verband (18. Juni 2014)
  8. rtl.lu: Scheckiwwerreeschung un d'Servais Fondatioun (12. Dezember 2016)