Nelly Lecomte

lëtzebuergesch Schrëftstellerin

D'Nelly Lecomte, gebuer de 27. Mee 1958 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.

Nelly Lecomte
Gebuer 27. Mee 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Liewen änneren

D'Nelly Lecomte huet hire Secondaire am Lycée Robert-Schuman an am [Athénée] an der Stad gemaach, an duerno kuerz eng Infirmièresformatioun ugefaangen, éier si op d'Universitéit Stroossbuerg Literatur studéiere gaangen ass. 1991 huet si hir Dokteraarbecht an de Lettres Modernes iwwer de moderne schwaarzafrikanesche Roman agereecht.[2]

Dat nodeem si, tëscht 1984 an 1986, am Kader vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht Franséischproff zu Libreville am Gabun war, ugestallt vum gaboneseschen Erziehungsministère. Spéider ass si nach duerch Westafrika gereest an huet mam franséische Fuerschungsinstitut CNRS kollaboréiert[1], huet dun, 2018-2019, eng Lizenz an der Ethnologie zu Stroossbuerg nogeholl.

Tëscht 1988 an 1991 huet si fir de Service des sites et monuments zu Lëtzebuerg geschafft, an duerno a verschiddene Länner, enner anerem Lëtzebuerg an och Casablanca am Maroc (2013-2014) an engem privaten Lycée, als Franséischprofesser.

1986 ass hiert éischt Wierk, L'Androgyne, publizéiert ginn. Dofir krut si 1989 de Prix du mérite littéraire vum Poesieclub vu Veyrier-du-Lac (Savoie)[3].

Fir d'Kurzgeschicht Une visite huet si 1992 de Concours littéraire national gewonnen an 1995 den drëtte Präis fir d'Kurzgeschicht Le vieux. Si sinn allen zwou an der Kulturzäitschrëft nos cahiers verëffentlecht ginn.

Zënter den 1980er schreift si reegelméisseg als Konschtkritikerin Artikele fir d'Luxemburger Wort.

Haut wunnt d'Nelly Lecomte an der Belsch[1]. Si ass Member vun der Association des écrivains belges de langue française an dem Service du livre luxembourgeois vun der belscher Provënz Lëtzebuerg. Si war och Member am Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).

Wierker änneren

Bicher änneren

  • L'Androgyne, Poesie, Ed. Saint-Germain-des-Prés / Cherche-Midi-Editeur, Paräis, 1986.
  • Le roman négro-africain des années 50 à 60. Temps et acculturation, Ed. L'Harmattan, Paräis, 1993.
  • Nouvelles du large, Ed. Amalthée, Nantes, 2009, zesumme mat D.L. Scott, Mathilde Mosnier, Isabelle Hélène.
  • La station s'appelait Terminus, Novellen, Edilivre, Saint-Denis (Paräis), 2013
  • Le langage de la terre, Poesie, Edilivre, Saint-Denis (Paräis), 2013
  • La griffe de l'ours, Geschichte fir Kanner a Jugendlecher, Edilivre, Saint-Denis (Paräis), 2015
  • Entre deux, roman, L'Harmattan, Paräis, Mee 2016
  • En Afrique, le temps se conte, essai, L'Harmattan, Paräis, November 2016
  • Au-delà des racines, Roman, Le lys bleu, Paris, Oktober 2021
  • Un verre entre frères, Roman, Le lys bleu, Paris, August 2023

Kurzgeschichten an Maerecher änneren

  • Une visite (Zeechnunge vum Pe'l Schlechter), in: nos cahiers 2, Luxembourg, 1994, Präis beim Concours littéraire national 1992
  • L'homme d'ici et d'ailleurs, in: Intercity, Ed. Phi - Op der Lay, Lëtzebuerg, 1995
  • Le vieux (Zeechnunge vum Marc Haller), in: nos cahiers 1, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1996. 3. Präis beim Concours littéraire national 1995.
  • Mbolo (Zeechnunge vum Iva Mrazkova), in: nos cahiers 3, Lëtzebuerg, 1996
  • L'homme qui possédait, in: Pollen d'Azur, no 8, Ed. 47, Virton (Belsch), 1999
  • Vies de nomades (Zeechnunge vum Marc Haller), in: nos cahiers 1, Lëtzebuerg, 2000
  • Ecrire pour ne pas se dire? Tant qu'il reste à dire..., in: Galerie 29 no 1, Centre culturel vun Déiferdeng, Lëtzebuerg 2011
  • Quand le dernier mot aura été dit... in: nos cahiers 2, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2011, ISSN 1012-3822
  • Le goût du risque, in: nos cahiers 2, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2012, ISSN 1012-3822
  • Fin de carrière difficile, in: Galerie 30 (2012), no 4, Centre culturel vun Déifferdeng, Lëtzebuerg, 2012
  • Le renard mis à l'épreuve, Illustratioune vun der Ariane de Lobkowicz, in: En mille et un murmures, Novelas, Bréissel, 2015 (Artikel am L'avenir du Luxembourg vum 1. Juli 2015)
  • Au zinc, un homme ordinaire, in: nos cahiers 1, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2015
  • Ni vu ni connu, in nos cahiers 1, S. 85-96, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2016
  • "Le brouteur", in Galerie 35 (2017) no 4, Centre culturel vun Déifferdeng, Lêtzebuerg, 2018

Artikelen an Unisrevuen änneren

  • "Les structures familiales et leur évolution du village à la ville : F. Couchoro, S. Badian, A. Mabanckou." Norsud 20, décembre 2022, (p. 51-69), Université de Misurata, Libye, https://hal.science/hal-04095307https://hal.scien
  • "L'oeuvre romanesque d'Aminata Sow Fall: La circulation des biens en milieu urbain", Norsud 18, décembre 2021, (p. 21-50), Université de Misurata, Libye, Printing: ISSN 2073-4042 / Online: ISSN 2015-1788 - Artikel op hal.archives-ouvertes
  • "La vie quotidienne, un véritable défi, dans le roman de Pius Ngandu et Angèle Rawiri: pauvreté, nature, magie" (HAL, 15 janvier 2022) - Artikel op hal.archives-ouvertes
  • "Ecoutez parler le peuple gabonais: Le langage comme reflet d'une âme nationale", Etude ethno- et sociolinguistique des particularités du français au Gabon, collecte des données réalisée principalement à Libreville entre 1984 et 1986 (HAL, 31 décembre 2021) - Artikel op hal.archives-ouvertes
  • "Commerce and magic",(sur Dieu n'est pas obligé d'Ahmadou Kourouma), in: Research in African Literatures, vol. 36, n° 4, winter 2005, (p. 198-204), Ohio State University, Indiana University Press. - Artikel um Project Muse
  • Royer (Louis-Charles), "La maîtresse noire", 2020, Paris, L'Harmattan, compte-rendu, Etudes littéraires africaines 52, 2021, (p. 222-223), Université de Lorraine, Metz - Artikel op www.erudit.org
  • "La notion d'irréalité des personnages chez Raymond Queneau: Le personnage comme illusion passagère qui dure l'espace d'un roman", Le personnage dans l'oeuvre de Raymond Queneau, 341 p., (p. 59-74), sous la direction de Daniel Delbreil, Presses de la Sorbonne nouvelle, Paris, 2000 (Actes d'un colloque à Thionville)
  • "La régression dans l'oeuvre de Franz Kafka", in: Le langage et l'homme, revue de l'Institut Marie-Haps, De Boeck Université, vol. XXXIX, n° 3-4, (p. 303-311), Louvain et Bruxelles, 1994
  • "Individu contre Etat: Etude de la notion de pouvoir dans Le château de Franz Kafka", in: Dérapages, Le bord de l'eau n° 28 (pp. 98–119), Latresne (Bordeaux), 2000
  • "L'image de l'Afrique chez Pierre Loti dans Le roman d'un spahi: Un regard de Blanc sur l'Afrique coloniale du XIXe siècle", in: nos cahiers 2, 2010, (p. 51-57), Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Presentatioun beim Service du Livre Luxembourgeois (gekuckt den 9. Oktober 2017)
  2. Directeurs de thèse : Victor Hell et François-Xavier Cuche; Membres du jury: Jacques Chevrier et Pierre Erny et al.
  3. EdiLivre: Biographie de Nelly Lecomte (gekuckt den 9. Oktober 2017)