De Jacques Wirion, gebuer den 28. Abrëll 1944 an der Stad ass e lëtzebuergeschen Aphoristiker an Essayist.

Jacques Wirion
Gebuer 28. Abrëll 1944
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

1963 a 64 war de Jacques Wirion um Cours supérieur an am Hierscht 1964 huet hien zu Tübingen Germanistik a Geschicht studéiert. 1967 ass en op Heidelberg gaangen. Am Oktober vum selwechte Joer huet e säin Doktorat a Philologie zu Lëtzebuerg gemaach a war doropshin Däitsch- a Geschichtsprofesser a verschiddene Lycéeën, fir d'lescht am Kolléisch. Vun 2000 bis 2006 war hie President vum Lëtzebuerger Germanisteverband, dem Verband vun den Däitschprofesseren. An der Tëschenzäit huet hie seng Pensioun.

De Jacques Wirion ass zanter 1975 mat der Josette Schmit bestuet. Hien ass Papp vun dräi Kanner, François, Michèle a Marie.

Wierker änneren

  • Saetzlinge Aphorismen - Mat Zeechnunge vum diti an zwee Nowierder Goethe - Éditions PHI, Echternach, 1993
  • Der Augenblick schwebt über dem Fluß Essai - Éditions PHI, Iechternach, 1999.
  • Sporen Aphorismen - Mat engem Vir- an engem Nowuert vum Auteur - Verlag OP DER LAY, Esch-Sauer, 2005
  • Unglaubensgespräch. Vom Nutzen und Nachteil der Religion für das Leben - C.H. Beck, München, 2005 (Zesumme mam Germanist, Thomas-Mann-Fuerscher a Kierchenliddfuerscher Hermann Kurzke)
  • Hirnflöhe Aphorismen, mat Zeechnunge vum diti an engem Nowuert vum Friedemann Spicker - Éditions PHI, Esch-Uelzecht, 2006
  • Häretismen Aphorismen, mat Zeechnunge vum diti (F. Didier) - Amis du Musée de l'Imprimerie / Kulturhuef Grevenmacher, 2014 ouni ISBN

Um Spaweck änneren