Wolfgang Geiselhart

däitsche Schrëfsteller

De Wolfgang Geiselhart, gebuer de 26. Juni 1962 zu Dentingen a Baden-Würtemberg, ass en däitschen Auteur.

Wolfgang Geiselhart
Gebuer 26. Juni 1962
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller
Member vun Lëtzebuerger Schrëftstellerverband

Nodeem de Wolfgang Geiselhart eng Ausbildung fir Maschinneschlässer hanneru sech hat, huet hien op der Universitéit Karlsruhe (TH) fir Wirtschaftsingenieur studéiert fir zu St. Gallen säin Dokter a quantitativer Betriebswirtschaftslehre ze maachen.

Hie lieft haut zu Lëtzebuerg mat senger Fra Sylke an hie schafft op enger Bank.

De Wolfgang Geiselhart war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Säi literarescht Wierk

änneren

Säin éischte Roman Die Unternehmungen des Karl Odermatt koum 2005 am Karin-Fischer-Verlag zu Oochen eraus. Um Cover ass d'Bild Mystic Group vum Steffi Grübler vu Chrëschtnech.