Félix Molitor

lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Félix Molitor, gebuer de 26. Mee 1958 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Lyriker.

Félix Molitor
Gebuer 26. Mee 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dichter
Member vun Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal

Liewen änneren

No sengem Studium vu Lettres modernes zu Stroossbuerg gouf hien 1996 Franséisch-Professer. Vun 1997 bis 2006 war hie Responsable fir den Departement Littérature et théâtre am Kulturministère. Vu September 2006 war hien nees Franséischprofesser an huet um Institut grand-ducal fir de lëtzebuergeschen Dictionnaire geschafft. Zanter 2008 wunnt hien a Frankräich. Hien ass mat der Patricia Andrieu bestuet.

Zanter 1976 publizéiert de Félix Molitor reegelméisseg Gedichter zu Lëtzebuerg an am Ausland. Zesumme mam Raymond Schaack huet hien 1996 eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vun de Psalme verëffentlecht.

De Félix Molitor ass zanter 2002 Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.

1998 krut de Félix Molitor de Prix Tony Bourg.

Wierk (Auswiel) änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Sahl 2007 an der Literatur.