Mireille Weiten-de Waha

lëtzebuergesch Schrëftstellerin

D'Mireille Weiten-de Waha, gebuer de 24. Februar 1967 zu Beetebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin, déi haaptsächlech Geschichte fir Kanner schreift.

Mireille Weiten-de Waha
Gebuer 24. Februar 1967
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Buchplakat

Si ass zanter 1999 mam Déieremoler Marco Weiten bestuet, deen hir Bicher illustréiert.

Vun 2013 bis 2014 war si Presidentin vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Bicher änneren

  • Klenge roude Léiw, Le lionceau roux, Kleiner roter Löwe, O leaozinho vermelho, op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch a Portugisesch, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Eegeneditioun, 2005. D'Iwwersetzung op Franséisch ass vun der Baba Welbes-Tissen, déi op Portugisesch vum Paulo Lobo an déi op Däitsch vun der Autorin.
  • Kouhandel mat der Wiederhex, Pacte avec la sorcière des tempêtes, Rosis Pakt mit der Wetterhexe, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Éditions St. Paul, 2007.
  • Schokola aus Afrika, Léo découvre le chocolat africain, op Lëtzebuergesch a Franséisch, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Weltbuttek Déifferdeng, 2007.
  • Liddereg wéi Mëscht, Paresseux comme un lézard, op Lëtzebuergesch a Franséisch, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Weltbuttek Déifferdeng, 2008.
  • 2:1 fir de Kinnek Mo, Iwwersetzung, Éditions Schortgen, 2008
  • Starallüren um Krautmaart, Buch / Lauschterspill mat 2 CDen, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Lauschterspill a Musek: Roll Rossi, Éditions St. Paul, 2010
  • Op der Sich no der Mëllechstrooss, Auf der Suche nach der Milchsstrasse, A la recherche de la voie lactée op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Luxlait, 2011.
  • Schwamm mat de Séipäerd, Buch / Lauschterspill, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Lauschterspill a Musek: Roll Rossi, Sipo asbl
  • Poppe mat Häerz, Poupées de coeur, Buch /Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Kiwanis
  • Op der Botterfahrt, Auf der Butterfahrt, Le coeur en beurre, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Luxlait, 2013
  • Kolleeg? Amigo, Sou schreiwen Déifferdanger, Déifferdanger Gemeng
  • Ech hunn Dech am A, Lëtzibuch 1, Anthologie fir Kanner, 2014
  • Stille Nacht, heilige Nacht, Anthologie "Fester feieren", Éditions Binsfeld, 2014
  • Mat Leif, ouni Séil, Anthologie "Quo Vadis Europa", Éditions Binsfeld, 2015
  • D'Chrëschtkëndche streikt, Chrissie Kringle on strike, op Lëtzebuergesch an Englesch, Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Imprimerie Centrale
  • " De Josi wandert aus" "Josi emigrates" "Josi s'expatrie", Illustratiounen a Layout: Marco Weiten, Auto-Edition, 2020

Theaterstécker änneren

  • Klenge roude Léiw, 2006
  • Tanz auf dem Vulkan, Kasemattentheater 2010
  • Mat Leiw an ouni Séil, Théâtre du Centaure 2014

Lauschterspiller änneren

  • Starallüren um Krautmaart, Éditions St. Paul, 2011
  • Schwamm mat de Séipäerd, Sipo, 2012

Nominatiounen an Auszeechnungen änneren

  • Klenge roude Léiw: Gewënner vum internationale Kanner- a Jugendbuchpräis "De Fiischen" an de Kategorien:"Text" an "Illustratioun", 2006.
  • Kouhandel mat der Wiederhex: Nominatioun Walfer Publikumspräis an der Kategorie "Kannerbicher", 2007.
  • Starallüren um Krautmaart: Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräiss Kategorie "Jugend- a Kannerbuch", 2011

CD änneren

  • MYRO: Däin Engel, Croix Rouge, 2011

Beetebuerger Mäerchepark änneren

De 4. September 2009 gouf dem Klenge roude Léiw säi Mäercheschlass am Parc Merveilleux ageweit.

Den 1. Oktober 2021gouf de "Kouhandel mat der Wiederhex" am Parc Merveilleux veréiwegt.