Claude Conter
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lëtzebuerger Literat. Fir de lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler an Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (gebuer 1974), kuckt wgl. Claude D. Conter. |
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Claude Conter, gebuer den 2. Abrëll 1929 an der Stad, ass e Lëtzebuerger Literat.
Claude Conter | |
---|---|
Gebuer |
2. Abrëll 1929 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Stater Jongelycée, Cours supérieurs |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Enseignant |
No senger Primärschoulszäit zu Beggen huet de Claude Conter säi Secondaire am LGL, dem Jongelycée um Lampertsbierg gemaach. Den 3. Februar 1943[1] gouf e mat senger Famill deportéiert a si konnten eréischt de 24. Juni 1945 an hir Heemecht zeréckkommen.
Säin Universitéitsstudium huet hien zu Aix-en-Provence, zu Montpellier an zu Paräis gemaach. Seng Carrière als Franséischprofesser huet zu Iechternach ugefaangen. 1959 gouf en op Esch an de Jongelycée (LGE) versat, wou hie bis zu senger Pensioun 1990 enseignéiert huet. Zanter 1974 huet e parallel dozou franséisch Literaturgeschicht um Centre Universitaire ginn.
De Claude Conter ass Member vun der Jury vum Servais-Präis a Vizepresident vun der Sektioun "Arts et lettres" vum Institut grand-ducal.
Hien ass net ze verwiessele mam Claude D. Conter.
Säi WierkÄnneren
JournalisteschesÄnneren
- Tëscht 1962 an 1968 huet de Claude Conter eng Honnert "Lettres à Sophie" an "Disgressions" geschriwwen, déi an der Kultur-Bäilag vum Tageblatt, Le Phare publizéiert goufen.
BicherÄnneren
- Nuits de cristal, Lëtzebuerg, 1949.
- Petite pharmacopée portative, Déifferdeng, Kollektioun "MOL" 13, 1980.
- Lettres à Sophie - Digressions choisies, annotées et mises en page par Carlo Felten, Dikrech, Collection "APESS" 12, 2002.
GielercherÄnneren
- Chevalier vum Ordre d'Orange Nassau (Promotioun 1974)[2]
ReaktiounenÄnneren
- Promenades à travers la littérature et le temps, in: Luxemburger Wort de 7.11.2002. De Raymond Schaack iwwer dem Claude Conter säi Buch "Lettres à Sophie".
LiteraturÄnneren
- Schmit, Sandra: Claude Conter. In: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7.
Um SpaweckÄnneren
- Radio 100,7 Archiv, Op Besuch beim Claude Conter, Gespréich vum Claude Mangen mam Claude Conter am Dezember 2007, gelauschtert de 27. Dezember 2020
ReferenzenÄnneren
- ↑ apess.lu
- ↑ Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.