Roland Harsch

lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Roland Harsch, gebuer de 24. Juli 1951 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Roland Harsch
Gebuer 24. Juli 1951
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser

De Roland Harsch huet zu Wien an zu Tréier Anglistik a Germanistik studéiert. Vu Beruff ass hien Däitschprofesser. Hien ass bestuet an huet 4 Kanner.

Zanter 1986 publizéiert hien dacks ironesch a parodistesch Texter a lëtzebuergeschen Zeitungen an Zäitschrëften,wéi récré, Les Cahiers luxembourgeois, Die Warte, Le Phare, d'Lëtzebuerger Land, Den Neie Feierkrop oder woxx. Hien ass och Auteur vun Theaterstécker a Cabaretsprogrammer.

Hie krut 1990 de gëllene Schniewel beim 12. Mundartwettbewerb Saarbrücken an 2001 de Servais-Präis fir Laub und Nadel.

Wierker änneren

Monographien änneren

  • Musikalische Federspiele. Divertimento in neun Sätzen (mam Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 1996 (= collection APESS 7).
  • Kalendarium für geplagte Stadt- und Landleut (Zeechnunge vum Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 1997 (= collection APESS 8).
  • Laub und Nadel (Zeechnunge vum Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 2000 (= collection APESS 11).
  • Stiller Ozean (Illustratioune vun der Mariette Flener-Muller). Roedgen. 2004.
  • Parodies...und das (Zeechnunge vum Carlo Schmitz). Luxembourg: Éditions de l'APESS, 2004 (= collection APESS 14).

Artikelen änneren

  • Fausts unersättliche Entbeerung: Die literarische Erörterung in: Journal de l'APESS. Nr. 37, Januar 2001, S. 55
  • Ein Albtraum: Der Sandweiler; Ouschteren 2000; Getrübte Feiertage in: CL. Nr. 4, 2001, S. 19-22
  • Juckreiz: So gut wie überall in: récré, annuaire culturel de professeurs luxembourgeois, Nr. 17, 2001, S. 83-108

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Roland Harsch – Biller, Videoen oder Audiodateien