Nicole Paulus
D'Nicole Paulus, gebuer de 25. Juni 1955 zu Gréiwemaacher, ass eng lëtzebuergesch Sozialaarbechterin a Schrëftstellerin.
Nicole Paulus | |
---|---|
Gebuer |
25. Juni 1955 Gréiwemaacher |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Si schreift Kanner a Jugendbicher a Lëtzebuerger Sprooch.
D'Nicole Paulus war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
Wierker
änneren- Drei Wochen im Lande Ho Chi Minhs, 1982
- Schnéi am Kapp, zesumme mat der Anne Weyer (Illustratiounen), Iechternach, 1993
- Dem Dracula säin Torchong, zesumme mat der Anne Weyer (Illustratiounen), Iechternach, 1995
- Wann de Piano rose gëtt., zesumme mat der Albena Petrovic-Vratchanska (Musek fir Piano) an der Catrin Raber (Illustratiounen), Éditions Phi, Lëtzebuerg, 2001, ISBN 3-88865-204-9
- Ech an de Jules zu Kalanaxo, mam R. Bradley Owen (Illustratiounen), Kollektioun Philou, Éditions Phi, Esch-Uelzecht, 2002, ISBN 3-88865-214-6