Georges Penning
lëtzebuergeschen Ekonomist
De Georges Penning, gebuer de 27. September 1937 zu Bierchem, a gestuerwen den 8. September 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Ekonomist an Enseignant.[1]
Georges Penning | |
---|---|
Gebuer |
27. September 1937 Bierchem |
Gestuerwen |
8. September 2002 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist, Enseignant, Schrëftsteller |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Liewen
ännerenDe Georges Penning huet vun 1957 bis 1963 zu Lausanne Ekonomie studéiert. Dono huet hien an der Schwäiz a Lycéeën enseignéiert an d'École moderne de Sion mat gegrënnt. 1975 koum hien nees op Lëtzebuerg, wou e bis zu senger Pensioun Enseignant fir Economie am Collège d'enseignement moyen, dem spéidere Lycée technique Michel Lucius, an am Stater Jongelycée war.
Wierk
änneren- Le jeu du désir et de la mort, Roman Fribourg, 2006.
- De Georges Penning huet a verschiddenen Zäitschrëfte publizéiert, dorënner de Grénge Spoun, de Lëtzebuerger Journal, d'Lëtzebuerger Land, den (Neie) Feierkrop an d'Cahiers luxembourgeois. Dacks waren dat gesellschafts- oder reliounskritesch Artikelen. Geleefeg Pseudonymme vun him ware Léopoldine oder Nathalie.