José Ensch

lëtzebuergesch Dichterin

D'José Ensch (Marie Josèphe Jeanne Ensch), gebuer de 27. Oktober 1942 zu Lëtzebuerg-Hollerech, gestuerwen de 4. Februar 2008 zu Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Dichterin.

José Ensch
Gebuer 7. Oktober 1942
Hollerech
Gestuerwen 4. Februar 2008
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller

No der Première, déi si 1961 am Lycée de jeunes filles de Luxembourg gemaach hat, huet si Däitsch, Franséisch a Latäin op den Universitéite vu Bonn, Nanzeg a Paräis studéiert.

Si war Sproocheprofessesch am Lycée de jeunes filles de Luxembourg (d'Schoul heescht zanter 1972 Lycée Robert-Schuman), wou si Franséisch enséignéiert huet.

D'José Ensch war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, vun der Sektioun Arts et lettres vum Institut grand-ducal an zanter 2000 vun der Sektioun Luxembourg, enger Extensioun vun der Université libre de Bruxelles.

D'José Ensch war Vizepresidentin vun den Amis de la maison de Victor Hugo zu Veianen.

Auszeechnungen änneren

  • Servais-Präis 1998 fir Dans les cages du vent.
  • 2006 Chevalier de l'Ordre de la Pléiade (ordre de la francophonie et du dialogue des cultures, ordre privé vun der Assemblée parlementaire de la Francophonie).

No der José Ensch genannt änneren

Wierker änneren

  • L'arbre, mat zwou Serigraphië vum Mario Prassinos, Lëtzebuerg, 1984, Éditions Galerie Simoncini.
  • Ailleurs... c'est certain, Lëtzebuerg, 1985, Institut Grand-Ducal.
  • Le profil et les ombres, mat engem Virwuert vun der Gisèle Prassinos, Troyes, Librairie Bleue, Kollektioun "Poésie", 1995.
  • Dans les cages du vent, mat Illustratioune vun der Marie-Paule Schroeder, Iechternach, Éditions PHI, Kollektioun "Graphiti", a Koeditioun mat l'Orange Bleue Éditeur, Belsch, Québec, Senegal, Réunion, an dem Institut Grand-Ducal du Luxembourg. 1997.
  • Prédelles pour un tableau à venir, Lëtzebuerg, 2006, Éditions Estuaires, Kollektioun "99". An engem Coffret, an deem och eng Sammlung mat Gedichter vum Marcel Migozzi ass.
  • L'Aiguille aveugle, mat engem Virwuert vum René Welter a mat Illustratioune vun der Susy Thix-Prüm, Éditions PHI, Collection Graphiti, Juni 2008
  • Les façades, mat engem Virwuert vum Michèle Nosbaum, éditions Estuaires, collection "hors-série", 6. Februar 2009. ISBN 978-2-9599704-9-8.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren