Roger Manderscheid

lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Roger Manderscheid, gebuer den 1. Mäerz 1933 zu Izeg, a gestuerwen den 1. Juni 2010[1] war e lëtzebuergesche Schrëftsteller. Hien huet op Däitsch a Lëtzebuergesch Romaner, Gedichter, Theaterstécker, Lauschterspiller, Dréibicher an Erzielunge geschriwwen a war och als Zeechner aktiv.

Roger Manderscheid
Gebuer 1. Mäerz 1933
Izeg
Gestuerwen 1. Juni 2010
Lëtzebuerg
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Schauspiller
Member vun Lëtzebuerger Schrëftstellerverband

Bekannt gouf e virun allem fir säin Dréibuch vu Stille Tage in Luxemburg (1973), e Portrait vun der Stad Lëtzebuerg, an deem e mat kriteschen an ironesche Commentairen net gespuert huet an dat dofir fir munnech Kritik gesuergt huet, a fir seng Romantrilogie Schacko Klak - De Papagei um Käschtebam - Feier a Flam (1988-1995), eng Zort Bildungsroman-Serie, an där d'Kandheet an d'Jugend vum Haaptpersonnage Christian Knapp erzielt gëtt, an déi munnech autobiographesch Elementer opweist.

Säi Liewen änneren

De Roger Manderscheid ass den 1. Mäerz 1933 zu Izeg als Bouf vun engem Woner a Schräiner gebuer an huet do seng Kandheet a Jugend verbruecht.[2]

Vun 1946-1952 goung de Roger Manderscheid an de Stater Kolléisch, an no sengem Premièresexamen war hien dräi Méint laang Stagiaire als Schoulmeeschter. Vun 1953-1956 war hie Reserve-Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi a vun 1956-1973 Fonctionnaire bei der Eisebunn, dunn am Aarbechtsministère. Tëscht 1973 an 1993 war hie Beamten am Kulturministère, wou hien zoustänneg fir Literatur war, an ë.a. den Nationale Literaturconcours initiéiert huet.

Schonns an der Lycéezäit huet hie mat Schreiwen ugefaangen, et waren dëst Duerftheaterstécker a Gedichter. Seng Gedichter goufen an de Jorzéngten dono a sëllegen Zeitungen, Zäitschrëften a kulturelle Publikatioune ofgedréckt.

Uganks vun den 1970er huet hie kritesch Texter iwwer Lëtzebuerg geschriwwen, dat en als provinziell, stackkonservativ an ënnerdréckend empfonnt huet. Exemplaresch dofir ass säi Buch dromedare, ma besonnesch och d’Dréibuch zum Tëeleefilm Stille Tage in Luxemburg, deen am Oktober 1973 am drëtte Programm vun der Saarlännescher Tëelee gelaf ass, an deen em eng jett Kriticken (’Naschtbeschmotzer’, ’géi dach an Däitschland wann et der hei net gefällt’, asw.) abruecht huet.

Hie war aktiv am Kënschtlerkollektiv, dat an de Konsdrefer Scheieren Ausstellungen, Virféierungen asw. organiséiert huet, an huet a kuerzliewegegen, alternative Verleeg oder Verlagsreie wéi doppelpunkt, impuls a lochness publizéiert. Hien huet och eng Rëtsch Lauschterspiller geschriwwen, déi op däitsche Radiosstatioune gesent goufen.

An den 1980er Joren huet hien ugefaangen, op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Hien huet franséischsproocheg Theaterstécker iwwesat (dorënner den ubu gëtt kinnék, nom Alfred Jarry sengem Ubu roi), Gedichter geschriwwen, ma besonnesch, vun 1988 un, seng Romantrilogie schacko klak, de papagei um käschtebam a feier a flam erausbruecht, déi de Christian Knapp duerch seng Kandheet a Jugend bis zum jonken Erwuessene beschreift am Lëtzebuerg vun den 1930er bis 1950er Joren.

2000 huet hien zesumme mam Guy Rewenig den ultimomondo-Verlag gegrënnt. An den 2000er Joren huet hie weider fläisseg publizéiert, dorënner dräi Bicher fir Kanner an Texter op Däitsch, wéi kasch oder kühe im nebel.

De Roger Manderscheid war Member vum däitsche PEN-Club a Grënnungs- an Éierepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).

Seng Wierker goufen zum Deel an aner Sproochen iwwersat , schacko klak gouf 1990 verfilmt.

Nieft sengem literaresche Wierk huet de Manderscheid och gemoolt, gezeechent a fotograféiert.

Hien ass den 1. Juni 2010 gestuerwen.

No sengem Doud krut de Passage nieft dem Kapuzinertheater, deen d'Theaterplaz mat der Kapuzinerstrooss verbënnt, den Numm Passage Roger Manderscheid. Zu Izeg dréit zanter dem Mee 2013 eng Plaz dem Roger Manderscheid säin Numm.[3]

Säi Wierk änneren

Kuckt och: Bibliographie BNL [1]

Filmer änneren

Auszeechnungen änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Roger Manderscheid – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Der Schriftsteller Roger Manderscheid verstorben (Artikel am Tageblatt)
  2. Quell vun der Biographie, wou net anescht uginn: Germaine Goetzinger: Roger Manderscheid. Fiche am Autorenlexikon.lu.
  3. Luxemburger Wort 2013, Nr. 115 (18. Mai), S. 33 (Gestern im Gemeinderat Hesperingen: Platz nach Roger Manderscheid benannt).