Roland Meyer

lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Auteur, Museker a Regisseur.

De Roland (Rol) Meyer, gebuer den 9. Februar 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Auteur, Museker a Regisseur.

Roland Meyer
Gebuer 9. Februar 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Auteur, Museker, Enseignant, Regisseur, Kabarettist

Hie schreift Bicher, Lauschterspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Kabaretstexter fir Kanner an Erwuessener.

Hien huet 2008 d'Theaterschoul gegrënnt, e Projet vum Educatiounsministère, déi bis 2018 bestanen huet, a bis dohinner hat hien d'Kannertheater- an Zirkusequipe "Den Holzwuerm" geleet. Zanter 2018 schafft hien als Schoulmeeschter fir Kanner mat spezielle Besoinen.

Hien ass och als Museker bei de Bluesbands The Winklepickers an The Horse Blinders aktiv, als Kabarettist beim Kabaret Sténkdéier, bei de Melusinnen a bei der Lëtzebuerger Revue an als Regisseur bei Kabarets- an Theaterproduktiounen.

De Roland Meyer ass bestuet a Papp vun zwéi Jongen.

Wierker änneren

De Roland Meyer schreift nieft Texter fir de Kabaret Sténkdéier och Jugendbicher a Lëtzebuerger an däitscher Sprooch. En Deel vu senge Wierker nennt e "Kannertheater-Romaner", well en Theaterstécker, dramatesch Zeenen a Lidder a seng Prosatexter abënnt. Dëst ass de Fall bei senger Romantrilogie Eng Foto vum (Klëppel)Krich, Dem Kinnek säi Gaart an Iwwer der Leeder. Virun allem Den décken dommen Dudu ass ganz beléift an de Schoulen.

2011 ass säin éischt Buch fir Erwuessener erauskomm: Muedebëtzeg, dat 2012 mam Lëtzebuerger Buchpräis fir Literatur ausgezeechent gouf.

2015 krut hien de Servais-Präis fir säi Roman Roughmix.[1]

2017 krut hien de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch fir Tel Mo.

Wenn immer alles so einfach wäre ass säin éischte Roman fir Erwuessener an däitscher Sprooch, deen 2018 erauskoum.

Publikatiounen änneren

Bicher fir Kanner a Jugendlecher änneren

  • Eng Foto vum (Klëppel)Krich, Kannertheater-Roman, Esch-Sauer 2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, Op der Lay.
  • Dem Kinnek säi Gaart, Kannertheater-Roman, Esch-Sauer 2002, 2. Oplo 2003, 3. Oplo 2008, Op der Lay.
  • Iwwer der Leeder, Kannertheater-Roman, Esch-Sauer 2003, 2. Oplo 2006, Op der Lay.
  • Spring auf!, Roman fir Kanner, Lëtzebuerg 2004, Éditions St. Paul.
  • Den décken dommen Dudu, e Kannerbuch fir erwuesse Leit, Esch-Sauer 2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015, 5. Oplo 2020, Op der Lay.
  • Mission geheimer Stollen Roman fir Kanner, Esch-Sauer 2006, Op der Lay.
  • Mango Panda, Roman fir Kanner, Esch-Sauer 2007, Op der Lay.
  • Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!, Eng Geschicht fir Kanner, illustréiert vum Mariepol Goetzinger, 143 S., Esch-Sauer 2009, 2. Oplo 2011, Op der Lay.
  • Jim Kean und das Labyrinth der Zeitkorridore; Roman für Kinder, Luxembourg 2013, Amazon Kindle.
  • Tel Mo, e Kannerbuch fir erwuesse Leit, Esch-Sauer 2017, 2. Oplo 2020, Op der Lay.
  • Dee klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru, ee Billerbuch, illustréiert vum Timothy Jénon, Esch-Sauer 2021
  • Leandro, Roman, Capybarabooks 2022
  • Monster Malya, e Kannerbuch fir erwuesse Leit, Esch-Sauer 2023, Op der Lay.

Bicher fir Erwuessener änneren

  • Muedebëtzeg, Roman, Esch-Sauer, Op der Lay, 2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014.
  • Roughmix, Roman, Esch-Sauer, Op der Lay, 2014.
  • Wenn immer alles so einfach wäre, Roman, Esch-Sauer, Op der Lay, 2018.
  • Glous, Erzielung, Esch-Sauer, Op der Lay, 2020

Kabaret änneren

  • Modern Welt, Aus de Programme vum "Kabaret Sténkdéier" vun 1988 bis 2000, Miersch 2001.
  • Gutt ze wëssen, Aus de Programme vum "Kabaret Sténkdéier" vun 2001 bis 2005, Miersch 2006.
  • Méi ass et net, Aus de Programme vum "Kabaret Sténkdéier" vun 2006 bis 2010, Miersch 2011.
  • Zikelalarm, Eng kabarettistesch Liesung, Esch-Sauer 2015, 2. Oplo 2015, Op der Lay
  • Zikelalarm II - Een Dag am Liewe vun engem Enseignant, Eng kabarettistesch Liesung, Esch-Sauer 2016, Op der Lay
  • Food Leaks - Auszich, Eng kabarettistesch Liesung, Lëtzebuerg 2019, Kremart
  • Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer, Lëtzebuerg 2021, Kremart

Lauschterspill-CDen änneren

  • De Poufank vun der Kéiermillen, Lëtzebuerg 1999, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
  • Lauschter!, Housen 2003, Naturpark Our.

Musek-CDen änneren

  • Fusion - The Musical, Lëtzebuerg 2007, UGDA.
  • The Winklepickers - Twelve R&B knock-outs, Lëtzebuerg 2008.
  • The Winklepickers - Haddocks and French Kisses, Lëtzebuerg 2012.
  • The Horse Blinders - ... an nach ee schéinen Dag, Lëtzebuerg 2023.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. *Servais-Präis fir "Roughmix" vum Roland Meyer." rtl.lu, leschten Update: 04.05.2015, 18:16:55.