Lëtzebuerger Filmpräis 2021
Den 9. Lëtzebuerger Filmpräis gouf den 26. November 2021 verdeelt.
Präiszeremonie
ännerenUrsprénglech hätt den 9. Lëtzebuerger Filmpräis sollen am Oktober 2020 ofgehale ginn[1], ma gouf wéinst der COVID-19-Pandemie ee Joer méi spéit, de 26. November 2021, organiséiert.
D'Präisiwwerreechung war am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg. De Fred Neuen an d'Clara Hertz hunn duerch de Programm gefouert.[2] Present waren nieft de Persounen aus der nationaler Filmindustrie och de Groussherzog Henri a seng Fra Maria Teresa, de Premier a Minister fir Kommunikatioun a Medie Xavier Bettel, d'Kulturministesch Sam Tanson an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.[3]
Wéinst der Coronapandemie huet am Sall d'Maskeflicht gegollt an d'Receptioun gouf kuerzfristeg ofgesot. D'Iesse vun der Receptioun gouf un d'Stëmm vun der Strooss gespent.[4]
Kategorien a Wal
ännerenEng éischt Kéier gouf d'Wiel an zwou Etappen duerch déi Ronn 400 Membere vun der Filmakademie gemaach: Fir d'éischt déi bescht (maximal) fënnef pro Kategorie, aus där dann ee Gewënner ausgewielt gouf. 81 Produktioune stoungen am éischten Tour zu Auswiel, vun deenen der schlussendlech 40 nominéiert goufen, an dat fir 14 Präisser.[4][5]
Et gouf och e puer nei Präisser. De Präis fir déi bescht Schauspiller gouf ënnerdeelt an ee fir déi bescht männlech an ee fir déi bescht weiblech Interpretatioun. De Präis fir déi bescht Musek, deen et schonn 2005 an 2007 gouf, gouf nees agefouert.
Nieft de Gewënner, déi duerch d'Membere vun der Filmakademie gewielt goufen, huet eng international Jury aus Profien an deem Secteur de Gewënner an der neier Kategorie vum beschte Wierk an 'augmentéierter Realitéit' ausgesicht.[6]
D''Association luxembourgeoise de la presse cinématographique (ALPC) huet en eegene Präis wärend der Zeremonie verdeelt.
D'Zeremonie gouf op RTL.lu, RTL Play a filmprais.lu iwwerdroen.
Präisdréier an Nominéierungen
ännerenDéi erfollegräichst Produktiounsfirma war Samsa Film mat insgesamt aacht Präisser fir De Superjhemp retörns (zwee Präisser), d'Serie Capitani (véier Präisser) an d'Koproduktioune Colectiv an Tel Aviv on Fire (jee ee Präis). De Film Sawah war zwar fënnef Mol nominéiert, mee huet awer keng Kéier gewonnen.[7]
Déi verschidde Kategorië mat hire Kandidate sinn déi hei;[8] de Gewënner ass fett ervirgehuewen[9]
Beschte lëtzebuergesche Laangfilm (Fiktioun oder Animatioun)
änneren- Superjhemp retörns vum Félix Koch
- Escapada vun der Sarah Hirtt
- Hytte vum Jean-Louis Schuller
- Péitruss vum Max Jacoby
- Sawah vum Adolf El Assal
Beschte Laangfilm a Koproduktioun (Fiktioun oder Documentaire)
änneren- Colectiv vum Alexander Nanau
- Bad Luck Banging or Loony Porn vum Radu Jude
- Deux vum Filippo Meneghetti
- Jumbo vun der Zoé Wittock
- Tel Aviv on Fire vum Sameh Zoabi
Beschte Laangfilm a Koproduktioun (Animatioun)
änneren- Les Hirondelles de Kaboul vum Eléa Gobbé-Mévellec & Zabou Breitman
- Pachamama vum Juan Antin
- Wolfwalkers vum Tomm Moore & Ross Stewart
Beschte Kuerzfilm (Fiktioun oder Documentaire)
änneren- Portraitiste vum Cyrus Neshvad
- If We Smarten Up vun der Larisa Faber
- Lupus vum Laurent Prim
- Touch Me vun der Eileen Byrne
- Vis-à-Vis vum Émile V. Schlesser
Beschte Kuerzfilm (Animatioun)
änneren- Seed of Hope vum Claude Kongs
- Abigail vum Nicolas Debray
- Mania vum Ugur Darya Eroglu
Beschte Laangfilm (Documentaire)
änneren- An zéro - Comment le Luxembourg a disparu vum Myriam T. & Julien Becker
- California Dreaming vum Fabrizio Maltese
- Histoire(s) de femme(s) vun der Anne Schroeder
- River Tales vun der Julie Schroell
- The Living Witnesses vum Karolina Markiewicz & Pascal Piron
- Zero Impunity vum Stéphane Hueber-Blies & Nicolas Blies
Bescht Produktioun fir Tëlee oder nei Medien (Fiktioun oder Documentaire)
änneren- Capitani vum Christophe Wagner & Thierry Faber
- Bad Banks – Saison 2 vum Christian Zübert
- Ex Aequo! vun der Lucia Valverde, et. al.
- routwäissgro – Saison 3 vum Loïc Tanson, Jacques Molitor, et. al.
- What We Talk About When We Talk About Sex vun der Catherine Dauphin
Bescht Produktioun fir Tëlee oder nei Medien (Animatioun)
änneren- Fox & Hare vun der Mascha Halberstad & Tom van Gestel
- Barababor vum Laurent Witz
- Nächst Statioun vun der Sarah Sutter a Frédéric Wedeux
Bescht Schauspillerin
änneren- Sophie Mousel a Capitani
- Fabienne Hollwege an An zéro
- Larisa Faber an Angelo
- Désirée Nosbusch a Bad Banks – Saison 2
- Magaly Teixeira a Coyotes
Beschte Schauspiller
ännerenBescht kreativ Kontributioun (Laangfilm; Fiktioun oder Documentaire)
änneren- Thierry Faber, Eric Lamhène, Christophe Wagner – Kategorie Dréibuch fir Capitani
- Jean Louis Schuller – Kategorie Kamera fir Hytte
- Nikos Welter – Kategorie Kamera fir Sawah
- Adolf El Assal – Kategorie Dréibuch fir Sawah
- Amandine Klee – Kategorie Kamera fir Skin Walker
Bescht kreativ Kontributioun (Laangfilm; Animatioun)
änneren- Nicolas Debray, Gilles Rudziak an Ekipp – Kategorie Animatioun fir Wolfwalkers
- Stéphane Lecocq - Kategorie Décor fir Ooops! Finny wou bass de?
- Julien Silvestre Da Conceicao – Kategroie Compositioun fir Ooops! Finny wou bass de?
- Michel Pisson – Kategorie Décor fir Pachamama
- Pascal Gérard an Ekipp – Kategorie Décor fir Wolfwalkers
Bescht Musek
änneren- André Dziezuk fir Tel Aviv on Fire
- Kyan Bayani fir Bad Banks – Saison 2
- Emre Sevindik fir California Dreaming
- Ivan Boumans fir Hytte
- Eric Bintz fir Sawah
Bescht Wierk an XR
änneren- Ayahuasca vum Jan Kounen
- 7 Lives vum Jan Kounen
- Cosmos Within Us vum Tupac Martir
- My Identity Is This Expanse! vum Karolina Markiewicz & Pascal Piron
- Under the Skin vum João Inada
Präis vun der Associatioun vun de Filmkritiker
ännerenKritik
ännerenDe Michel Delage vum Radio 100,7 huet de Choix vun de priméierte Wierker a Fro gestallt a vu "Kachkéis-Nationalismus" (Superjhemp retörns) a "Kniddelen-Nationalismus" (An zéro) geschwat. Hien huet och d'Monopolstellung vun RTL an d'Nominatiounsprozedur vun der Filmakademie kritiséiert.[10] Och de Jeff Schinker vum Tageblatt huet d'"Mediokritéit" vun de präisgekréinte Wierker kritiséiert.[11] An den anere Medie gouf de Filmpräis neutral bis positiv opgeholl.
Kuckt och
änneren
Referenzen
änneren- ↑ gouvernement.lu: La 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis et les assises du cinéma reportées à 2021., Communiqué op gouvernement.lu (27.Abrëll 2020)
- ↑ paperjam.lu: La cérémonie du Lëtzebuerger Filmpräis 2021 en photos (29. November 2021)
- ↑ gouvernement.lu: Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis (27. November 2021)
- ↑ 4,0 4,1 rtl.lu: RTL Spezial: Lëtzebuerger Filmpräis am Replay (28. November 2021)
- ↑ wort.lu: Le retour du «Lëtzebuerger Filmpräis» vum Thierry Hick (24. November 2021)
- ↑ chronicle.lu: 2021 Luxembourg Film Prize Winners Unveiled (27. November 2021)
- ↑ 100komma7.lu: Lëtzebuerger Filmpräis geet un "De Superjhemp retörns" vum Michel Delage (26. November 2021)
- ↑ rtl.lu: D'Serie Capitani 5 Mol nominéiert fir de Lëtzebuerger Filmpräis. (27. Oktober 2021)
- ↑ "Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis." Communiqué op gouvernement.lu, 27.11.2021.
- ↑ "Déi 'beschte' Lëtzebuerger Filmer..." Kommnetar vum Michel Delage op 100komma7.lu, 29.11.2021.
- ↑ tageblatt.lu: Lëtzebuerger Filmpräis / La soirée a été annulée. Bonne soirée: Le neuvième Lëtzebuerger Filmpräis vum Jeff Schinker (28. November 2021)