De Fred Neuen, gebuer de 17. Februar 1976 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moderator an e Film- a Televisiounssproduzent.

Fred Neuen
Gebuer 17. Februar 1976
Aktivitéit Televisiounsmoderateur

Hien huet Reklamm a Kommunikatioun zu Bréissel um Institut des hautes études des communications sociales, IHECS studéiert.

2001 kruet hie bei TangoTV d'Responsabilitéite vu Kino- a Fiktiouns-Sendungen. Zwee Joer laang huet hie verschidde Sendunge produzéiert a presentéiert. 2004 huet hie säin éischte professionelle Kuerzfilm "Tinity" mat Tarantula gedréint. Zanterhier pendelt de Fred Neuen tëscht der Tëlee (eveant, elodTV, sitcoms...), dem Kino (verschidde Kuerzfilmer wéi "Vault", "Zero" oder "Bikini Blitzkrieg") an der Publicitéit (via seng Produktiounsfirma "radar").

2009 an 2012 war hien zesumme mam Max Hochmuth a mam Gabriel Boisante zoustänneg fir d'Mise en scène, d'Produktioun an d'Presentatioun vun der Präisverdeelungzeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis.

Filmographie änneren

Fictioun (Auswiel) änneren

  • De Ministère - Episode 0 - Prënzenhochzäit (2012) - Radar
  • Zero (2011) - PTD
  • Bikini Blitzkrieg (2011) - Radar/Remedia
  • Weemseesdet (2011)- deal Productions/RTL
  • Vault (2007) - Iris Productions
  • Trinity (2005) - Tarantula Luxembourg

Reklamm (Auswiel) änneren

  • Time For A Change: Ninjas! (2012) Radar/ Philharmonie Luxembourg
  • Nun-Chuck (2011) - Radar
  • Speed (2011) - Radar
  • Silly Suicides (2011) -Radar
  • Heads (2011) - Radar

Tëlee (Auswiel) änneren

  • Watch (2012) - moast
  • Zinemag (2011) - RTL
  • eveant (2010) - empowebo
  • apocaletz (2007) - dok
  • Final Cut (2002) - TangoTV
  • Anim:Nation (2002) - TangoTV

Um Spaweck änneren