D'Filmakademie ass eng lëtzebuergesch Associatioun ouni Gewënnzweck, déi sech fir d'Interesse fir d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg asetzt. Si ass 2012 gegrënnt ginn.

D'Filmakademie
Typ Asbl
Grënnungsdatum 2012
Sëtz Lëtzebuerg, Bartreng
Leedung Yann Tonnar (President)
Homepage www.dfilmakademie.lu

Zesumme mam Filmfong organiséiert d'Filmakademie all zwee Joer de Lëtzebuerger Filmpräis.

Hannergrond a Struktur änneren

D'Filmakademie huet als Zil, déi national Filmproduktioun ze fërderen an de Lëtzebuerger Film ze promouvéieren an dem Public géigeniwwer méi visibel ze maachen. Si ass och do, fir tëscht den ënnerschiddlechen Acteuren am Filmsecteur ze vermëttelen.

Si regruppéiert follgend Organer:

  • d'Association des actrices et des acteurs du Luxembourg (Actors.lu)
  • d'Association luxembourgeoise des techniciens de l'audiovisuel (ALTA)
  • d'Association luxembourgeoise des réalisateurs et scénaristes (LARS)
  • d'Union luxembourgeoise de la production audiovisuelle (ULPA)
  • d'Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs
  • d'Fédération des métiers de l'animation et de l'image virtuelle (FMAIV)

Déi véier éischt Organer ware vun Ufank un dobäi.[1]

Si zielt iwwer 400 Memberen.

Presidenten änneren

Linken änneren

Referenzen änneren

  1. luxtimes.lu: Luxembourg film academy founded (13. Dezember 2012)