Vis-à-Vis (Film)

Film vum Émile V. Schlesser

Vis-à-Vis ass e Kuerzfilm vum Émile V. Schlesser aus dem Joer 2021, mam Tommy Schlesser, Sophie Mousel a Monique Reuter an den Haaptrollen. Déi dramatesch Komedie iwwer d'Situatioun wärend der Corona-Pandemie war 2021 fir de Letzebuerger Filmpräis an der Kategorie "beschte Kuerzfilm" nominéiert.[1]

vis-a-vis
Vis-a-Vis Poster.jpg
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2021
Dauer 16 min
Faarf Faarweg
Format 1,33:1
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Émile V. Schlesser
Dréibuch Émile V. Schlesser
Fotografie Sven Ulmerich
Musek Bloodhype, Mamas Gun, Mad Fox
Schnëtt Émile V. Schlesser
Produzent Adolf El Assal,
Émile V. Schlesser,
Govinda Van Maele
Produktiouns-
gesellschaft
Filmreakter
Schauspiller
Tommy Schlesser,
Sophie Mousel,
Timo Wagner,
Julie Kieffer,
Konstantin Rommelfangen,
Monique Reuter,
Shayan Mehrafza,
Daniel Moutinho

SynopsisÄnneren

E jonke Mann (Tommy Schlesser) feiert mat Frënn bei sech doheem, obwuel COVID-Mesuren dat strengstens verbidden. Mä op eemol kënnt him de Verdacht op, datt der Madamm vu vis-à-vis eppes geschitt ass, fir dat hie verantwortlech kéint sinn.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Lëtzebuerger Filmpräis. filmprais.lu. Gekuckt de(n) 2022-03-21.