Skin Walker

Film vum Christian Neuman

Skin Walker ass ee lëtzebuergesch-belsche Spillfilm vum Christian Neuman. D'Weltpremière vum Film war um 41. Cairo International Filmfestival an d'Europapremière um Brussels International Fantastic Film Festival. Mëttlerweil ass en op verschiddene Streeming-Plattformen ze gesinn.

Skin Walker
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg,
Belsch
Produktiounsjoer 2020
Dauer 95 min
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Christian Neuman
Dréibuch Christian Neuman
Fotografie Amandine Klee
Musek Michel Flammant
Produktiouns-
gesellschaft
Calach Films,
Caviar Films
Schauspiller
Amber Anderson als Regine
Udo Kier als Claus
Jefferson Hall als Robert
Luc Schiltz als Isaac
Luc Feit als Dr. Mantell
Sophie Mousel als Rose
Marja-Leena Junker als Groussmamm
Nicolas Godard als Jacob
Sarah Lamesch als Yana
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Regine, eng jonk Fra, déi mat hirem Frënd Jacob zesummen an der Stad lieft, kritt Besuch vum Robert, deen hir erzielt, datt hir Famill si d'ganz Zäit belunn hätt: Hiren Hallefbrudder Isaac, de Jong vun der Regine hirer Mamm a vum Robert, wier net bei der Gebuert gestuerwen, mee géif liewen, an hätt ewell d'Groussmamm ëmbruecht. D'Regine, dat traumatesch Kandheetserënnerungen ëm d'Gebuert vum Isaac sou gutt wéi méiglech verdrängt hat, decidéiert, zeréck op d'Land an d'Familljenhaus ze fueren, fir där Saach op de Fong ze goen ...

Produktioun änneren

D'Produktiounsgesellschaft Calach Films krut am September 2016 e Subside an Héicht vun 120.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen.[1] Am Mai 2017 an am Abrëll 2018 krut se zwee weider Subside vu 592.000 Euro an 2,225 Milliounen Euro fir d'Produktioun vum Film.[2][3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  1. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions septembre 2016
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions mai 2017
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions avril 2018