Angelo (Film)
Angelo ass en éisträichesch-lëtzebuergesche biographesche Spillfilm vum éisträichesche Regisseur Markus Schleinzer. En hat seng Première um Toronto International Film Festival 2018.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Éisträich Lëtzebuerg |
Première | 8. September 2018 |
Dauer | 119 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch |
Däitsch Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Markus Schleinzer |
Dréibuch |
Alexander Brom Markus Schleinzer |
Fotografie | Gerald Kerkletz |
Schnëtt | Pia Dumont |
Produzent | Alexander Dumreicher-Ivanceanu, Bady Minck |
Schauspiller | |
Ange Samuel Koffi D'Auila als Angelo 1 Kenny Nzogang als Angelo 2 Ryan Nzogangals Angelo 3 Makita Samba als Angelo 4 Jean-Baptiste Tiémélé als Angelo 5 Larisa Faber als dem Angelo seng Fr Magdalena Nancy Mensah-Offei als dem Angelo seng Duechter Josephine Lukas Miko als de Keeser Susanne Gschwendtner als Dame vum Haff Gisela Salcher als Biergerfra Dominic Marcus Singer Alba Rohrwacher Gerti Drassl Michael Rotschopf Anne Klein Nilton Martins | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Wourëms geet et am Film? änneren
De Film thematiséiert d'Liewe vun engem afrikanesche Jong, deen uganks vum 18. Joerhonnert als Sklav verschleeft an un eng éfranséisch Marquise verkaaft gouf. Dës huet en erzunn, him franséisch a Musek bäibruecht, a wéi ee sech an Europa ze behuelen hätt, an e gouf op den Numm Angelo gedeeft. Méi spéit emanzipéiert den Angelo sech, bestit sech a gëtt Papp, mee bleift bis un d'Enn vu snegem Liewen en Aussesäiter...
Produktioun änneren
De Film gouf zu Lëtzebuerg ë. a. am Meesebuerger Schlass gedréint, ma och an Éisträich, an der Belsch (Plage) an a Frankräich (zu Sillegny).
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Angelo (film) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche op luxfilmfest.lu