Eric Bintz

lëtzebuergesche Museksproduzent a Beatmaker

Den Eric Bintz ass e lëtzebuergesche Museksproduzent a Beatmaker. Hien ass och als Cehashi an CHI bekannt.

Eric Bintz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

Karriär änneren

Den Eric Bintz huet Musek fir eng ganz Rei bekannt franséischsproocheg Rapper produzéiert, dorënner IAM, den Deen Burbigo an den Taïpan.

Am Mee 2010 huet hien den Album Cehashi vous aime aussi mat instrumentalem Hip-Hop verëffentlecht.

Hien ass e reegelméissege Kollaborateur vun de franséische Rappere Sam's a Youssoupha. Hien huet dem Sam's säin Album Dieu est grand (2015) produzéiert an dem Youssoupha säin NGRTD (2015), deen et bis op déi 4. Plaz an de franséischen Albumcharts gepackt hunn.[1] Och op sengen Albumen Noir d**** (2012) a Polaroïd Experience (2018) huet hie vill matgeschafft.

Ënner de lëtzebuergesche Rapperen huet hie Musek fir den Dorian & Louvar (dorënner Légendaire vun 2016) an de Lil Star (dorënner Encore une taffe vun 2010, Nu Bai vun 2011, a Rêver a Rihanna vun 2016) gemaach.

2018 huet hien och e puer Lidder fir den engleschsproochege Lëtzebuerger Rapper Maz produzéiert, dorënner Start a Black Flowers.[2]

Am selwechte Joer gouf hien als "Produzent vum Joer" bei der bis ewell eenzeger Editioun vun de Luxembourg Music Awards ausgezeechent.[3]

Donieft mécht den Eric Bintz Musek fir Radio an Televisiounsreklammen[4] an hie komponéiert Musek fir Filmer. 2009 huet en d'Musek fir dem Adolf El Assal säi Guerillafilm Reste bien, mec! bäigesteiert, an deem hien och ze gesi war. Fir Sawah (2019) war hien 2021 an der Kategorie "Bescht Musek" beim 9. Lëtzebuerger Filmpräis nominéiert.

Filmmusek änneren

Famill änneren

Dem Eric Bintz säi Papp ass de Jean-Claude Bintz a säi Grousspapp war de Sänger a Schauspiller Aly Bintz.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Discographie vum Youssoupha op lescharts.net
  2. https://sonicvisions.lu/artists/maz/
  3. wort.lu: Edsun grand vainqueur des Luxembourg Music Awards vum Noémie Koppe (19. Dezember 2018)
  4. Biographie op sonicvisions.lu