Max Jacoby (Regisseur)
lëtzebuergesche Filmregisseur
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Filmregisseur Max Jacoby. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Max Jacoby. |
De Max Jacoby gebuer de 25. November 1977 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur. Hien huet op der London Film School (virdrun: London International Film School studéiert an dee Studium 2001 mam Kuerzfilm Babysitting ofgeschloss.
Max Jacoby | |
---|---|
Gebuer |
25. November 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | London Film School |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
Butterflies, säin drëtte Kuerzfilm, huet 2005 de Präis vum Beschten Europäesche Kuerzfilm um Internationale Filmfestival vu Venedeg, souwéi ex-aequo de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Kuerzfilm gewonnen.
De Max Jacoby huet bis ewell ee Laangfilm, Dust, gedréint, an en zweeten, Péitruss, ass, Enn 2017, an der Maach.
KuerzfilmerÄnneren
- 2001: Babysitting
- 2003: The Lodge
- 2005: Butterflies mam Jules Werner
- 2016: Et wor alles wéi ëmmer (Kuerzfilm)