Lupus (Film)
Lupus ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Laurent Prim. E gouf fir d'éischt am Mäerz 2020 um Luxembourg City Film Festival gewisen.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2020 |
Dauer | 16 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Laurent Prim |
Dréibuch | Laurent Prim |
Fotografie | Graham Johnston |
Musek | Emre Sevindik |
Produzent | Skill Lab |
Schauspiller | |
Pol Greisch als Marcel Luc Schiltz als Tun Germain Wagner Michel Tereba Claire Johnston | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre ![]() |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen ale Bauer Marcel, e Wittmann, fënnt enges Daags e puer vu sengen Hinger dout am Stall. Hie probéiert, säi Jong Tun, dee Polizist ass, z'iwwerzeegen, dat wier e Wollef gewiescht, an hie soll eppes dogéint ënnerhuelen...
Soss
ännerenD'Produktioun vum Film gouf mat engem Subside an Héicht vun 130.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt.[1][2]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Trailer op youtube.com
Referenzen
änneren- ↑ cineuropa.org: Le Fonds cinéma du Luxembourg soutient 13 nouveaux projets audiovisuels vum Davide Abbatescianni (8. Mäerz 2019)
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions mars 2019