De radio 100,7 (offiziell Média de service public 100,7 a virum 13. September 2022 Etablissement de radiodiffusion socioculturelle) ass e lëtzebuergeschen ëffentlech-rechtleche Radiossender, deen de 27. Juli 1991 als Ëffentlecht Etablissement gegrënnt[1] an den 19. September 1993 ënner dem Numm honnert, 7 - de soziokulturelle radio fir d'éischt op Antenn gaangen ass.

radio 100,7
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 27.07.1991
Sëtz 21a Avenue John. F. Kennedy
L-1855 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Jean-Lou Siweck (Direkter)
Véronique Faber (Presidentin vum Verwaltungsrot)
Branche ëffentleche Radiosender
Homepage www.100komma7.lu

De Sender a Lëtzebuerger Sprooch, deen op Grond vum Mediegesetz vun 1991 méiglech gouf a mam groussherzogleche Reglement vum 19. Juni 1992 seng Struktur krut[2], dediéiert de gréissten Deel vu sengem Programm der Kultur an der Informatioun, mä awer och der Ënnerhalung a Form vun engem relativ breede Museksspektrum, bei deem awer déi klassesch Musek kloer dominéiert.

Den 100,7 steet an enker Zesummenaarbecht mat nach aneren ëffentleche Radiossenderen an ass zanter 1997 Member vun der Unioun européenne de Radio-Télévision.

Seng Frequenz ass, nomen est omen, UKW 100,7 MHz. Am Hierscht 2015 koum eng zweet Frequenz, 95,9 MHz, derbäi, déi den Empfang am Norde vum Land verbessert[3].

Ufanks war de Radio 100,7 am RTL-Gebai um Kierchbierg, duerno an engem Gebai an der Lonkecher Strooss zu Märel. Vun 2003 u konnt een de Radio an der Avenue Monterey an der Stad fannen. Eigentlech sollt de Radio schonn 2012 an d'Avenue Kennedy um Kierchbierg plënneren[4]. De Radio 100,7 sent zanter dem 29. Juni 2013 vum Kierchbierg aus[5], en huet säi Siège awer eréischt vum 23. Oktober 2014 un op der Nummer 21a vun der Avenue John. F. Kennedy[6].

Der TNS ILRES Plurimedia Etüd 2022.I no, hunn tëscht Februar 2021 a Januar 2022 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 20.200 Leit iwwer 15 Joer de Radio 100,7 gelauschtert, wat 3,8% vun der Bevëlkerung ausmécht[7].

Verwaltung vum Radio[6] änneren

Direktere vum 100,7 änneren

Datum Direkter Bemierkung
1994 - 14.08.2013 Fernand Weides ass 2013 a Pensioun gaangen[8],[9]
15.08.2013 - 15.12.2018 Jean-Paul Hoffmann huet 2018 demissionéiert[10],[11]
15.12.2018 - 30.06.2019 Nancy Braun Presidentin vum Transitiounskommitee bis en neien Direkter fonnt ass[12]
01.07.2019 - 19.04.2021 Marc Gerges iwwerhëlt d'Direktioun spéitstens den 1. Juli 2019[13]; den 19. Abrëll 2021 vum Verwaltungsrot vu sengen Aufgaben entbonnen[14]
16.09.2021 - Jean-Lou Siweck

Presidente vum Verwaltungsrot änneren

Datum President Bemierkung
2004 - 2012 Pierre Gehlen
2012 - 2013 Monique Kieffer Presidentin faisant fonction
2013 - 2017 Françoise A. Poos
2017 - 2019 Laurent Loschetter Mandat bis 2022[15]; huet den 19. November 2019 demissionéiert[16]
10.12.2019 - 10.08.2027 Véronique Faber den 29.11.2019 vum Regierungsrot ernannt[17],[18],,[19]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Ënnert der Nummer J24, den 20. Oktober 2004 am Handelsrëgester agedroen; fir d'lescht op lbr.lu gekuckt de 27. Februar 2023
  2. Règlement grand-ducal du 19 juin 1992 fixant les modalités de structure et de fonctionnement de l'établissement public créé par l'article 14 de la loi du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques.
  3. "Neue Frequenz für 100,7." tageblatt.lu, 02. Oktober 2015 16:45; Akt: 02.10.2015 17:25.
  4. Josée Hansen, 2011. Déstabilisation à la radio 100,7. À l'usure. D'Lëtzebuerger Land vum 9. Dezember 2011, S. 5.
  5. Aus der Stad op de Kierchbierg: Radio 100,7 ass geplënnert op rtl.lu den 29. Juni 2013, fir d'lescht gekuckt den 2. Januar 2019
  6. 6,0 6,1 Ännerungen an Upassungen, sou wéi se ënnert der Nummer J24, op der Säit lbr.lu publizéiert sinn, fir d'lescht gekuckt den 3. Januar 2019
  7. (fr)Étude Plurimedia 2022.I: Les chiffres clés des audiences des médias au Luxembourg. adada. www.adada.lu. Gekuckt de(n) 24.04.2023.
  8. Josée Hansen, Deen anere Radio op rtl.lu de 26. November 2013, fir d'lescht gekuckt den 2. Januar 2019
  9. Jean-Paul Hoffmann neuer Direktor von Radio 100,7 op wort.lu de 7. Juni 2013, fir d'lescht gekuckt den 2. Januar 2019
  10. Direktor von Radio 100,7 legt Amt nieder op wort.lu den 28. September 2018, fir d'lescht gekuckt den 2. Januar 2019
  11. De Radio 100,7 muss sech en neien Direkter sichen op rtl.lu den 28. September 2018, fir d'lescht gekuckt den 2. Januar 2019
  12. Communiqué du Conseil d'administration du 100,7 op 100komma7.lu de 15. November 2018, fir d'lescht gekuckt den 2. Januar 2019
  13. Un nouveau directeur pour la radio 100,7 op 100komma7.lu den 28. Mäerz 2019
  14. Mat "effet immédiat": Marc Gerges gëtt als Direkter vum 100,7 fräigestallt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-04-19.
  15. (J24) Etablissement de radiodiffusion socioculturelle. Luxembourg Business Records lbr.lu. Gekuckt de(n) 17.09.2020.
  16. Laurent Loschetter demissionéiert als President vum 100,7-Verwaltungsrot
  17. Véronique Faber wird 100,7-Verwaltungsratschefin op wort.lu den 29. November 2019
  18. Établissement de radiodiffusion socioculturelle - Nominations. legilux.public.lu (10.12.2019). Gekuckt de(n) 17.09.2020.
  19. (J24) Média de service public 100,7. Luxembourg Business Records lbr.lu (01.08.2022). Gekuckt de(n) 24.04.2023.