Julien Becker

lëtzebuergesche Filmregisseur

De Julien Becker, gebuer 1979 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur.

Julien Becker
Gebuer 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur

Hien huet Fotografie studéiert an 2010 zesumme mam Gwenael François d'Produktiounsfirma Skill Lab gegrënnt.[1] Nodeems en eng Rëtsch Publicitéitsfilmer gemaach hat, huet hien 2013 säin éischte Kuerzfilm, 22:22, erausbruecht, deen de Lëtzebuerger Filmpräis 2014 fir de beschte Court-métrage krut. 2018 huet hien en anere Kuerzfilm, Article 19-42, gedréint.

2021 koum An zéro - Comment le Luxembourg a disparu, eng Doku-Fiktioun, vun him a vun der Myriam Tonelotto, eraus.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op luxfilmfest.lu Gearchiveerd op 2021-03-09. Gekuckt de(n) 2021-02-18.