André Dziezuk

franséische Komponist

Den André Dziezuk, gebuer 1966 zu Diddenuewen[1], ass e franséische Museker a Filmmusek-Komponist.

André Dziezuk
Gebuer 1966
Diddenuewen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Komponist

Wierk änneren

No sengem Studium um Metzer Conservatoire huet hien e Capes a Musikologie gemaach, a war duerno eng 20 Joer Museksprof. No der klassescher Musek huet hie sech virun allem fir den Jazz begeeschtert. Zesumme mam Marc Mergen huet hien 1994 d'Band Lingo gegrënnt.

Éischter duerch Zoufall gouf de Frédéric Fonteyne op si opmierksam an huet s'engagéiert, d'Musek fir säi Film Une liaison pornographique ze schreiwen. Dono hu si d'BO fir der Beryl Koltz hire Kuerzfilm Starfly geschriwwen, deen um Festival international du court-métrage de Clermont-Ferrand de Präis fir déi bescht Musek krut.[2]

Zënterhier schreift den André Dziezuk, ufanks zum Deel zesumme mam Marc Mergen, d'Musek vun enger ganzer Rëtsch Filmer, vun deenen déi meescht zu Lëtzebuerg koproduzéiert goufen.[3]

2012 gouf hie mam Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtleresch Realisatioun (ex aequo mam Maisy Hausemer a Paul Scheuer) ausgezeechent.

Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war hien an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" gläich véier Mol nominéiert, an dat fir seng Musek fir d'Filmer Eng nei Zäit, Oorlogsgeheimen, Black Harvest a Colonia.[4]

2021, beim 9. Lëtzebuerger Filmpräis, krut hien de Präis fir déi bescht Musek fir Tel Aviv on Fire. 2023, bei deem dono, war et seng Musek fir Icare, déi em dee Präis abruecht huet.

Filmographie änneren

Spillfimer änneren

Kuerzfilmer änneren

Documentairen änneren

Referenzen änneren

  1. "Le compositeur fait son cinéma." l'Est Républicain du 25 janvier 2015.
  2. "Biographie" op andredziezuk.com (gekuckt 2015-11-07).
  3. "Filmographie" op andredziezuk.com (gekuckt 2015-11-07).
  4. cineuropa.org: Luxembourg's D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)