E Kierfecht ass eng Plaz wou déi Verstuerwe begruewen oder hir Äsche versuergt oder gestreet ginn. Gemenkerhand geschitt dat am Kader vun engem reliéisen oder weltleche Ritual. Kierfechter sinn ëffentlech Plazen, déi fir jiddereen accessibel sinn.

Den Nikloskierfecht an der Stad
Den ale Kierfecht zu Lelleg
Muslimesch Sektioun um Märeler Kierfecht
Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen
Um Bëschkierfecht zu Rued

Kierfechter zu Lëtzebuerg änneren

Traditionell hunn d'Kierfechter zu Lëtzebuerg zur kathoulescher Kierch gehéiert a goufe gemenkerhand direkt bei der Kierch ugeluecht. Zanter 1804 gi se awer net méi vun de Paren, ma vun de Gemenge geréiert. D'chrëschtlech Symboler vum Doud an der Operstéiung (Kräiz a Kruzifix) bleiwen awer weiderhin op de Paarten a Gebailechkeeten op de Kierfechter present. Ganz vill Griewer sinn och mat engem Kräiz dekoréiert[1].

D'Gesetz vum 1. August 1972[2] reegelt wéi e Kierfecht ugeluecht an d'Bäisetzung oder d'Anäscherung vun de Verstuerwene ausgeféiert muss ginn. Dat Gesetz huet en napoleoneschen Dekreet vun 1804[3] ersat, dee bis dohi gülteg war[4]. De Gemengerot kann och zousätzlech Bestëmmunge festhalen, ë. a. wéi d'Griewer um Kierfecht alignéiert musse ginn. Am Fall vun enger Anäscherung kënnen d'Äsche begruewen, an engem Kolumbarium deposéiert oder op enger speziell definéierter Streewiss an der Enceinte vum Kierfecht verstreet ginn[5].

All Gemeng zu Lëtzebuerg muss op d'mannst ee Kierfecht hunn, et sief, et géife sech e puer Gemengen an engem Syndikat zesummendinn fir e gemeinsame Kierfecht ze bauen an en ze benotzen.

D'Bäisetze vun engem Verstuerwenen däerf nëmmen op engem Kierfecht geschéien, mat Ausnam vun de Membere vun der Groussherzoglecher Famill an dem Bëschof, déi an der Krypta vun der Kathedral bäigesat kënne ginn.

Fir verschidde Reliounsgemeinschafte gi besonnesch Ariichtunge virgesinn, sief et datt et eng getrennte Sektioun um Kierfecht gëtt, datt d'Griewer fir d'Moslem no enger spezieller Ausriichtung ugeluecht ginn oder datt Kiselsteng zur Verfügung gestallt gi fir op de jiddesche Griewer néierzeleeën.

Fir d'Bäisetze vu den Äsche fënnt een haut op ville Kierfechter e Kolumbarium. Aner Bauwierker um Kierfecht si Kapellen, Morguen a Caveauen.

Stad Lëtzebuerg änneren

Um Gebitt vun der Haaptstad gëtt et 16 Kierfechter, vun deenen der 14 vun der Stad Lëtzebuerg geréiert ginn[6]. Déi zwéin aner, d'Zaldotekierfechter a Clausen an zu Hamm hunn e spezielle Statut; se gi vum Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge respektiv vun der American Battle Monuments Commission geréiert.

Déi meescht Stater Kierfechter hunn hiren Ursprong an der jeeweileger Par, wéi se virun der Gemengefusioune vun 1920 an den eenzele Gemenge bestoungen.

Nieft de Kierfechter gëtt et nach e Krematorium zu Hamm, dee vum Gemengesyndikat SICEC geréiert gëtt.

Bëschkierfecht änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Bëschkierfechter zu Lëtzebuerg änneren

Nieft de „klassesche“ Kierfechter gëtt et zanter den 2010er Jore Kierfechter déi an engem Bësch ugeluecht sinn:

Den Ëmweltministère huet fënnef weider Bëschkierfechter guttgeheescht:

  • Conter
  • Dippech
  • Réiden op der Atert
  • Stauséigemeng

D'Natur- a Bëschverwaltung huet eng Rëtsch Direktiven opgestallt wat d'Uleeën an d'Gestioun vun de Bëschkierfechter ugeet[17].

Jiddesch Kierfechter zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt et fënnef jiddesch Kierfechter, zwéin an der Stad a jee een zu Esch-Uelzecht, zu Gréiwemaacher an zu Ettelbréck.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jiddesch Kierfechter zu Lëtzebuerg  

Vollekswäisheet änneren

  • Jongen Dokter, fette Kierfecht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierfechter – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Kierfechter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Quell: Panneau vun der Ausstellung « Cimetières et crématoires en Europe. Espaces publics et expressions d'appartenance » (cemi-hera.org) um Bd Roosevelt an der Stad (Oktober 2021)
  2. Loi du 1er août 1972 portant réglementation de l'inhumation et de l'incinération des dépouilles mortelles. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-18.
  3. Décret impérial sur les sépultures. Consulat et Premier Empire - Bulletin des lois. web.archive.org (2016-03-03) Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2021-10-25.
  4. Henri Beck, Bruno Baltzer, Inhumations d'hier et d'aujourd'hui. onsstad.vdl.lu (1993). Gekuckt de(n) 25.10.2021.
  5. Règlement grand-ducal du 21 juin 1978 relatif à la dispersion des cendres. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-18.
  6. Les cimetières de la Ville | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-18.
  7. Cimetières communaux - Administration communale de Berdorf. www.berdorf.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  8. Vir Uert heescht en da Bëschkierfecht Kordall a läit deelweis op Rollenger Terrain
  9. Broschürop der Websäit vun environnement.lu
  10. Pressedossier vun der Aweiung, 20.3.2015
  11. Gemengerot Esch, Rapport analytique N°01/2015, Sëtzung vum 13. 2. 2015, Punkt 4, S. 9-11
  12. Cimetière forestier. lac-haute-sure.lu (2020-11-02). Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  13. Bëschkierfecht Käl-Schëffleng op kayl.lu
  14. Décès - Administration communale de Kehlen. www.kehlen.lu Gearchiveerd op 2021-10-15. Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  15. Regionale Bëschkierfecht “Jongebësch” op wiltz.lu
  16. Cf. ECOlogique 2014/3: 16-17. (PDF)
  17. Lignes directrices. environnement.public.lu (2020). Gekuckt de(n) 17.10.2021.