Relioun ass eng a gréissere Bevëlkerungsgruppe verankert Virstellung vun der Existenz vun enger Wierklechkeet, déi iwwer dat direkt Erfuerbart erausgeet. Dës Welterklärung respektiv Uerdnung fir d'Liewensbewältegung, a laangen Traditiounen entstanen a vun Individuen iwwerschafft, gëtt an der westlecher Welt wéinst de chrëschtlechen Traditiounen dacks an der Kuerzformel Glawen zesummegefaasst. Heibäi handelt et sech meeschtens ëm den institutionaliséierte Glawen un een oder méi perséinlech oder och onperséinlech transzendent Wiesen (z. B. eng Gottheet, Geeschter an Anen), wéi och ëm Prinzipien (z. B. Dao, Dharma) an/oder aner Realitéiten (z. B. Nirvana, Jensäits).

Allerdéngs erfaasst dëse westlechen Usaz vun enger Defininitioun net all d'Reliounen, well de Begrëff Glawen an e puer Reliounen net existéiert an domat net dat eigentlecht Kennzeeche vun dëser Relioun si kann. Doriwwer eraus gëtt et an de Geeschteswëssenschaften eng sëllege Kontroversen iwwer d'Bestëmmung vum Terme Relioun.

E weidere Problem ass déi genee Bestëmmung vun enger Gemeinschaft als Relioun. E puer Relioune berouen éischter op philosophesche Systemer, bäi aneren ass déi politesch Orientéirung ganz ausgeprägt. Eng kloer Ofgrezung ass hei net méiglech, Iwwerschneidunge fannen sech a bal all Reliounen. Dacks hu Reliounen Heelsléieren, Symbolsystemer a Ritualer, wat zu populären Andeelungen gefouert.

Ënner Relioune versteet een z. B. de Chrëschtentum, de Juddentum, den Islam, den Hinduismus, de Jainismus, den Ayyavali, de Buddhismus, den Daoismus , de Sikhismus, de Konfuzianismus, d'Baha'i, d'Shinto an den Druidentum (cf. Lëscht vun de Relioune vun der Welt)

Mat der wëssenschaftlecher Erfuerschung vu Relioune befaasse sech besonnesch d'Reliounswissenschaft/Reliounsgeschicht, d'Reliounssoziologie an d'Reliounsphilosophie.

Interessant ass d'etymologesch Analys vum Terminus 'Relioun'. Warscheinlech kënnt et vum laténgesche "religere" (nach eng Kéier liesen --> ee reliéise Mënsch betruecht säi Liewen um Hannergrond vun der Existenz vun engem héijere Wiesen). Anerer leeden et vum laténgesche 'religare' hir (--> e reliéise Mënsch wir een, dee seng Existenz un en héijert Wiese bënnt), woubäi allerdéngs ze froen ass, ob d'Substantiv an deem Fall net éischter religatio amplaz religio géif heeschen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Relioun – Biller, Videoen oder Audiodateien