De Krematorium zu Hamm ass deen eenzege Krematorium fir Mënschen zu Lëtzebuerg.

Krematorium zu Hamm

En ass 1995 opgaangen, nodeem d'Fuerderunge vun der Flamma wärend Joerzéngte verschleeft goufen, a Lëtzebuerger, déi dat wollten, zu Léck oder a Frankräich hu missen ageäschert ginn.

De Krematorium ass eng interkommunal, ëffentlech an onofhängeg Institutioun, déi vun de Gemenge geréiert gëtt, déi Membere vum SICEC sinn.

De lëtzebuergesche Krematorium huet zwéi modern Iewen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren